
Eng Lann fir de Jubiläum!
Dese Samschdeg, den 21. Dezember um 11 Auer.
E Bam ze planzen, huet ëmmer eppes Optimistesches, et ass e Geste, deen an d’Zukunft weist. Nët fir näischt ginn dacks Beem gesat fir Kanner, déi grad gebuer sinn. Oder fir Evenementer, wou d’Erënnerung ze soe soll an d’Zukunft erawuessen. An e Bam, dee gesat gëtt, ass och ëmmer en écologescht Zeechen, en Zeechen, datt ee Vertrauen an d’Zukunft huet an de Mutt nët verléiert.
A genee dat ass och eng Uersaach, firwat elo fir de Jubiläum vun deene 400 Joer Oktav e Bam am Park hannert der Glaciskapell gesat gëtt: als dauerhaft Erënnerung un en historescht Ereignis an als vertrauensvollt Zeeche fir d’Zouversiicht an eng gutt Zukunft.
Mee firwat gëtt grad e Lannebam gesat? Do hu mir e ganz direkte Lien zum Mëttelpunkt vun eiser Muttergotteswallfaart, der Oktav: d’Gnodebild vun der Tréischterin am Leed, dat zënter dem Joer 1624 hei bei äis veréiert gëtt, ass nämlech aus Lannenholz geschnëtzt. Wie genee de Kënschtler deemools wor, ass nët ganz sécher. Mee warschäinlech wor et den Daniel Müller, dee Kënschtler, deen och an der Jesuitekierch, déi haut eis Kathedral ass, dee wonnerbaren Duxal mat deene villen Engelen, Bicher a Museksinstrumenter skulptéiert huet.
D’Stad Lëtzebuerg huet generéiserweis d’Organisatioun vun dëser Planzaktioun iwwerholl an déi ideal Plaz fonnt, nämlech am Stater Park direkt hannert der Glaciskapell.
De Samschdeg, den 21. Dezember, muerges um 11 Auer, gëtt also d’ «Muttergotteslann» geplanzt a mir hoffen all, datt si och nach op der Plaz steet, wa mir eng Kéier den nächsten Oktavsjubiläum feieren.