D'Kapell "Muttergottes vu Fatima" zu Péiteng
1945, nom Zweete Weltkrich, hunn d'Péitenger Scoute versprach eng Kapell ze bauen, déi der Muttergottes geweit ass, als Erënnerung un hir Komeroden, déi fir hiert Land gestuerwe sinn. Si haten dunn awer nach keng Plaz fir se ze bauen. 1947 hu si en Terrain kaf fir de Bau vun hirem Chalet, op deem och eng Plaz fir eng Kapell sollt sinn. Dat selwecht Joer huet de Poopst Pius XII eng konsekréiert Statu vun der Muttergottes vu Fatima op eng Rees duerch d'Welt geschéckt, fir hir Veréierung ze fërderen. Si war den 23. September 1947 op Besuch an der Gemeng Péiteng. Et war bei dëser Geleeënheet, wou d'Scouten decidéiert hunn hir Kapell der Muttergottes vu Fatima ze weien. Chalet a Kapell goufen de 16. & 17. Juli 1949 ageweit. Déi éischt Statu gouf vum Claus Cito sculptéiert, awer si gouf ganz séier geklaut. Eng zweet, vergläichbar Statu, gouf vun engem Gleewege gestëft. Dës Statu gouf ëmmer erëm schwéier beschiedegt an all Kéiers vun de Scoute gefléckt. Si ass bis haut op hirer Plaz.
Péitenger Scouten, 1940-45, gestuerwe fir d’Heemecht
Pierre Weiler, + Auschwitz
Nicolas Hahn, + Enrôlé de force
Marcel Hochstrass, + Enrôlé de force
André Hengen, + Enrôlé de force
Norbert Reiter, + Enrôlé de force
Henri Feller, + Enrôlé de force
Alfred Michels, + Enrôlé de force
Josy Perrard, + Enrôlé de force
Denke mir och un déi Zwangsrekrutéiert, Deportéiert, Prisonnéer vun de Lager a Resistenzler, déi blesséiert an traumatiséiert iwwerlieft hunn.
Golgotha Kräiz
1950 gouf d'Hellegt Joer, dat nëmmen all 25 Joer stattfënnt, vum Poopst Pius XII gefeiert. Fir dësem Evenement ze gedenken, hunn d'Scouten vu Péiteng e Kräiz mam Kierper vu Christus opgeriicht, genannt "Golgotha", no der Plaz vun der Hiriichtung vu Christus. D'Plaz wou d'Kräiz sollt opgeriicht ginn, huet zu där Zäit der S.a. John Cockerill gehéiert. E Pachtvertrag vun onlimitéierter Dauer gouf fir 1Ar fir e symbolesche Präis ënnerschriwwen. D‘Scouten sollte fir den Ënnerhalt an d'Sécherheet vum Monument suergen. 2020 huet den Fierschter et vun der Equip RMG restauréiere gelooss.
Text: Arnold Martin (17.05.2021)