| lb | fr | pt | en |
30. September 2021
Telefonseelsorge: Mir lauschteren no!
Réckbléck an Ausbléck
De Grupp vun der Telefonseelsorge vun der kathoulescher Kierch huet sech rezent um Belair bei de Franziskanerschwëstere getraff. D’Telefonseelsorge ass e wichtegen Service wärend der Coronapandemie gi fir déi Mënschen, déi e Rot sichen, déi eleng sinn oder déi einfach mat engem schwätze wëllen.

Et gouf e Réckbléck iwwer den Engagement an d’Aarbecht gemaach an d’Weiche fir d’Zukunft si gestallt ginn. D’Telefonseelsorge bleift wichteg.
Vum 1. Oktober un ass si all Dag erreechbar vu 15.00 bis 17.00 Auer ënner der Nummer 288087. Ausserhalb vun dëse Stonnen ass e Répondeur disponibel, wou d’Leit e Message hannerloosse kënnen, wa se wëllen zréckgeruff ginn.


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr