| lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 3. Oktober gouf vu Sëll iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 3. Oktober gouf aus der Kierch vu Sëll iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Sainte Cécile Sëll ënnert der Direktioun vum André Wio. Op der Uergel begleed de Raoul Schmit. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Bei dëser Mass gëtt den CovidCheck-System ugewannt, d.h. d’Leit, déi gären un der Mass deelhuelen, sollen w.e.g. hiren Certificat matbréngen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte Cécile Sëll

Gegrënnt ginn ass d’ « Chorale Sainte Cécile vun Sëll » em 1860 als kierchlechen Männerchouer; 1996 ass dunn decidéiert gi fir aus dem Männerchouer en gemëschten Chouer ze maachen. Am Joer 2009 hunn mer eisen 150ten Anniversaire gefeiert.
Haut sinn mer zesummen mat eisem Dirigent, dem André Wio, zu 12 Memberen (7 Damen an 5 Hären). Aktiv sinn mir weider als Kirchenchouer. Fir Leit déi interesséiert sinn: eis Prouwen sinn all Mëttwochs vun 8 Auer owes un an der Kierch ; jiddereen ass häerzlech wëllkomm fir bei eis matzemaachen.
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée | Liebster Herr Jesu | J.S. Bach |
|---|---|---|
| Agangslidd | Nous sommes le corps du Christ | LD 104 |
| Kyrie | Meine engen Grenzen | LD 123 |
| Gloria | Gloria | LD 146 |
| Alleluja | Alléluia | LD 208 |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Ave Verum | W.A. Mozart |
| Sanctus | Saint, saint est le Seigneur | LD 246 |
| Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 282 |
| Kommiounslidd | C’est toi, Seigneur | LD 294 |
| Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | |
| Sortie | Schaff’s mit mir, Gott, nach deinem Willen | J.S. Bach |
- Sakramenter . Sacrements
- Grondgebieder . Prières de base
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr