Homepage>Säi Glawe liewen . Vivre sa foi >Service vun der Pastoral . Service de la (...) >Jugendpastoral . Pastorale des jeunes >Thailand 2017 >
| lb | fr | pt | en |
Thailand 2017
17. März 2017
Laaft mat fir den Thailand-Projet!
Charity Run fir d’Fondation Sainte Irmine den 8. Abrëll zu Ettelbréck
All Ronn zielt!
Laaft mat e Samschdeg, den 8. Abrëll, zu Ettelbréck an ënnerstëtzt esou den Thailand-Projet vun der Fondation Sainte Irmine.
Am Summer fiert e grousse Grupp Jonker zesumme mam Här Äerzbëschof an Thailand. Am Mëttelpunkt vun dëser aussergewéinlecher Pilgerrees stinn de Bau vun enger Schoul beim Vollék vun de Karen an eng Ausernanersetzung mat der Enzyklika Laudato si. Méi Infoen zur Rees op thailand.cathol.lu.
Praktesch Informatiounen zum Charity Run:
- Départ ass virun der Kierch zu Ettelbréck (an der Groussgaass) vun 10 Auer un (bis 12 Auer).
- D’Sekretariat ass niewent der Kierch (Rond Point Abbé Müller) vun 8.30 Auer un.
- Aschreiwungen: www.capa.lu oder direkt op der Plaz.
- Parcours: 420 Meter duerch Ettelbréck.
- Startgeld: 2 Euro + 0,5 Euro pro Ronn fir de gudden Zweck.
- Vestiairen an Dusche stinn am Stadion “Um Däisch” zur Verfügung.
Interesséiert? Weider Froen?
Da mellt Iech beim Frank Strock: Tel. 661-514892.

Kuckt och . Voir aussi
- JMJ 2023 . Lissabon
- Thailand/Cambodge 2019
- JMJ 2013 . Rio de Janeiro
- Thailand 2014
- JMJ 2016 . Krakau
- Jugendarbeit in diesen Krisenzeiten
- Pastoral juvenil nestes tempos de crise
- « Les jeunes du Luxembourg posent les mêmes questions que ceux du reste du monde »
- Entdeckt eng Rëtsch flott Aktivitéite fir Jonker
- Jeunesse étudiante chrétienne
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr