Wien bremst, verléiert! Wien sech opmécht, gewënnt
Kommentar zum 13. Sonntag im Jahreskreis A - Gérard Kieffer (28.06.2026)
Déi Ried, déi de Jesus hei viru senge Jünger hält - also sengen enkste Mataarbechter, wéi een haut géif soen - kléngt zimmlech radikal: Seng Famill verloossen, fir mat him matzekommen, säi Kräiz op sech huelen, sech net u säin alt Liewen festklameren, soss verléiert een.
Am Verlaf vum Evangelium ass et elo scho kloer, dass et mam Jesus net gutt ausgeet. Villes, wat hien erzielt a priedegt, trëfft op Widderstand an Ofleenung bei reliéisen an och zivillen Autoritéiten. Wann een sech also dozou entscheet, mam Jesus matzegoen, da sollt een sech bewosst ginn, dass een net iwwerall mat oppenen Äerm empfaang gëtt a méiglecherweis mat Verfollgung oder och esouguer mam Dout rechne muss.
De Jesus warnt also a weist op méiglech Konsequenze fir jiddereen, deen sech zu him an zu sengen Iddie bekennt.
Esouguer déi eege Famill kann sech géint ee stellen.
An och si seng Aussoen net esou ze verstoen, dass een seng Elteren net méi gär dierf hunn oder seng Kanner. Kanner ze vernoléissegen, sech net genuch em si ze këmmeren, dat wär verantwortungslos. Dass een seng Kanner net vu ganzem Häerze gär sollt hunn, mengt de Jesus hei am Evangelium ganz sécher net. Awer Kanner iwwer all Mooss gär ze hunn an se mat senger Léift ze erdrécken, dass een se net méi ka lassloossen an si kee Beweegungs- an Entwécklungsraum méi hunn, dat wär letztlech genausou falsch a verkéiert.
Et geet och ëm eppes, wat mir alleguer am Laf vun eisem Liewe mol erlieft hunn. Et gi Momenter an eisem Liewen, wou mir mussen Äddi soen, fir eppes Neies ufänken ze kënnen - mir mussen eis ofnuebelen, wéi een esou schéi seet. Et ass eng Entscheedung mat Konsequenzen - näischt Neies, dass een sech Gedanke mécht an dann, am Wëssen iwwer d’Konsequenzen, eng Decisioun hëlt. Dat ass am Kär dat, wat hei am Evangelium dran ass: wann dir iech fir mech a mäi Wee entscheet, huet dat Konsequenzen. Dir musst alen Iddien Äddi soen an oppen si fir Aneres. Nofolleg ass also net engem blann hannendru lafen, mee mat Wëssen ëm d’Konsequenzen ‘Jo’ dozou ze soen.
Dee Saz, wou hien dovu schwätzt, dass ee säi Kräiz muss op sech huelen, geet et manner ëm d’Leiden,mee em Leidenschaft fir d’Liewen, sou dass d’Liewe gelénge kann.
Och dee Saz iwwer d’Liewen, wat ee verléiere kann mengt, dass wann et am eegene Liewen alles nëmmen ëm sech selwer dréit, verléiert et säi Sënn. Wien sech der Botschaft vum Jesus opmécht, kann nëmme gewannen. Bei der Nofolleg erwaart de Jesus also virun allem Oppenheet fir Neies an dat ass fir hie virun allem da méiglech, wann een net ze vill un ale Sécherheete pecht.
D’Evangelium schléisst of mat engem Gedanken zur Solidaritéit: wien een ophëlt, de vu Gott geschéckt gouf, hëlt de Jesus selwer op. De Becher Waasser, e ganz klénge Geste vun Nächsteléift, ënnersträicht di héich Bedeitung vu Gaaschtfrëndschaft a Solidaritéit bei de Chrëschten.