Skip to main content Skip to page footer

Muttergottesjubiläum 2024-2025: Fundstécker

Congrégation de la Sainte Vierge: Diplôme d’admission vun 1908

Den 9. Abrëll 1894 ass zu Virton an der Province du Luxembourg/Belsch meng Groussmamm Laure Marie Athalie Henriette Mersch gebuer ginn; hire Papp, de Gustave Mersch-Verhagen, wor do e gutt établéierte Wäinhändler (souguer Fournisseur du Saint-Siège). D’Laure huet als jonkt Meedchen d’Schoul vun de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne besicht, eng Kongregatioun, déi vun der ignatianescher (also jesuitescher) Spiritualitéit geprägt ass. Eise Fieldgen zu Lëtzebuerg gehéiert bekanntlech och zu dëser Kongregatioun.

Virton huet laang Zäit zum alen Duché vu Lëtzebuerg gehéiert. Säi Wopen ass nach haut an der Kathedral ze gesinn, well et huet zu deene Stied gehéiert, déi 1678 d’Muttergottes, d’Tréischterin am Leed, zu hirer Patréinesch vum ganzen Duché gewielt hunn.

D’Veréierung vun der Tréischterin am Leed ass zu Lëtzebuerg zënter 1624 ganz staark vun de Jesuiten aus dem Lëtzebuerger Kolléisch promouvéiert ginn. Grouss Deeler vun der Populatioun hu sech engagéiert an de Sodalitéiten a Brudderschaften. Duerzou hunn och d’Weie vu Kanner a Jonker un d’Muttergottes gehéiert. Dës Traditioun huet sech op ville Plazen nach laang gehalen, och wa sech déi kierchlech a politesch Realitéite vill verännert hunn.

Meng Groussmamm Laure ass jiddefalls am Joer 1908, den 23. Mee, als jonkt Meedche vun 14 Joer, «après avoir satisfait à toutes les épreuves d’usage» an d’»Congrégation des enfants de Marie» opgeholl ginn, déi am Pensionnat vun der Doctrine Chrétienne «sous le vocable de l’Immaculée Conception» gegrënnt gi wor. Virton huet deemools nët méi zum alen Duché gehéiert, mee d’Trei zur Tréischterin ass nach ëmmer héich gehale ginn.

Mireille Sigal, Pastoralreferentin an der Por Lëtzebuerg Notre-Dame

 

Präsenz vun der Oktav an de Famillen

Duelemer Kierch

Nom 2. Weltkrich ass d'Kierch, déi vun den Nazien am Krich staark zerstéiert gouf (Sprengung vum Tuerm) ënnert dem Paschtouer Jean-Pierre Hentzen senger Leedung vu Fräiwëllegen erëm opgebaut ginn. Als Merci, dass den Här Paschtouer Hentzen aus dem KZ zeréckkoum an d'Kierch erëm konnt opgebaut ginn, gouf eng Feier zu Éieren vun der Tréischterin ofgehal. (S. Meyers)

Documentaire zu der Consolatrix hiere Kleeder