Materialien aus der Zentral
Wärend de vergaangene Joren hu mir als "Ekipp Lëtzebuerger Massendénger" verschidden Aarbechtsmaterial fir d’Massendéngeraarbecht ausgeschafft a publizéiert.
Enner anerem hu mir och eng Bibliothéik mat ville Publikatiounen aus verschiddene Länner an der Zentral. Gär dierft Dir Iech hei eppes auslengen. Kommt bis bäi eis an der Zentral laanscht (am Beschte virdrun ee Rdv ausmaachen).
Eisen Info-Film iwwer MASSENDÉNGER gouf un all Par (Via Parsekretariat) zesumme mat engem PDF-Dokument fir mat Massendénger ze schaffen, verdeelt a kann an dann an de Paren als “Reklamm” fir Massendénger agesat ginn.
Dir fannt och alles op eisem “Dropbox”-Dossier (einfach hei drop klicken) oder mellt Iech bäi eis an der Zentral.
Folgend Materialien aus der Massendéngerzentral kënnt dir bei eis am Shop bestellen:
- Advent - Zingulum. ABC fir Massendénger
- Ausmolbuch: Wat maachen d'Massendénger?
- Figuren
- Muttergottes
- Tarcisius
- Willibrord
- Handout mat Gebieder an Oflaf vun der Mass
- Klibberen
- Kräiz fir Massendénger / Kommuniounskanner
- Tarcisiusbrochür