“Dote vun den Apostelen” op Lëtzebuerg, als Inspiratioun fir haut
Den Aarbechtsgrupp (AG) “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuerg” gouf vum Äerzbëschof Jean Hengen an d’Liewe geruff a konnt seng Aarbecht och ënnert dem Mgr Fernand Franck viruféieren ; haut sinn an deem AG, am Optrag vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, de Claude Bache (Dechen, zanter Joerzéngten a verschiddene Gremien engagéiert fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen), d’Fränz Biver-Pettinger (Exegetin, fréier Studentin vum Institut des Études hébraïques vu Stroossbuerg, Doktorat an der Theologie,) an de Jeannot Gillen (Paschtouer, Lizenz an Doktorat vun der Pontificia Università Gregoriana).
Den Haaptobjektiv vun dëser Aarbecht ass et, biblesch Texter och op Lëtzebuergesch zougänglech ze maachen, wat nach emol en aneren Zougank zu den Texter - a fir vill Leit eng Appropriatioun an hirer Mammesprooch - erméiglecht.
Den éischten Optrag vum AG war en Evangeliar fir d’liturgesch Joren A, B, C, d’Fester vun den Hellegen an d’Oktavzäit; dës éischt offiziell Iwwersetzung gouf räich illustréiert mat Biller vum Jean-Marie Biwer. Dono goufen noeneen déi 4 Evangelien am Ganze publizéiert, ier se, iwwerschafft an der Orthographie-Reform vun 2019 ugepasst, an engem Buch editéiert goufen. Well allgemeng d’”Apostelgeschicht”, also d’”Dote vun den Apostelen” als Fortsetzung vum Lukas-Evangelium ugesi ginn, waren dunn si un der Rei.
D'Iwwersetzunge ginn aus vum griichesche Referenztext an der Versioun vum Nestle-Aland, mat der Editio Critica Maior am Bléck.
Dës Aarbecht, déi versicht vum griicheschen Text erfort eng Iwwersetzung op korrekt Lëtzebuergesch ze schafen, muss sech Critèrë ginn; et sinn dat z. B. déi nämmlecht Wierder, oder Wierder aus därselwechter Famill, an analoge Kontexter esou wäit wéi nëmme méiglech och d'selwecht erëmzeginn, aus der Trei zum Text eraus an awer och fir ervirzehiewen, wéi eng Wuertspiller am Text sinn oder wéi ee schonn um Gebrauch vu verschiddene Wierder den Opbau vun der Erzielung eraushéiere kann; d’selwecht erlaabt d’Iwwersetzung a Synops vu parallelen Texter et, d'Eegenaart vun all neitestamentlechem Buch esou gutt wéi méiglech ze weisen; quokeleg ass et, zur Zäit vun der Néierschrëft vun dem Neien Testament geleefeg Situatiounen (d’Terminologie ronderëm d’Schëffer an Apg 27), Gebräich, Iwwerzeegungen, (wéi kultesch “onreng” Leit, déi musse “gerengegt” ginn) erëmzeginn, zemools do, wou mir am lëtzebuerger reliéise Sproochgebrauch d’Gewunnegt hunn, déi däitsch Ausdréck einfach ze “verlëtzebuergeschen” (wéi “Sënnen ze bekennen” amplaz se “anzegestoen”).
Et ass dëst eng interessant Aarbecht, déi elo och op Lëtzebuergesch déi spannend Erzielung vum Opbroch vun der Kierch erëmgëtt - als Inspiratioun fir haut.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
“Dote vun den Apostelen” op Lëtzebuerg, als Inspiratioun fir haut
Den Aarbechtsgrupp (AG) “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuerg” gouf vum Äerzbëschof Jean Hengen an d’Liewe geruff a konnt seng Aarbecht och ënnert…
-
Video: Jean Ehret zum Honorarprofessor an der Theologischen Fakultät Trier ernannt
Prof. Jean Ehret wird als Honorarprofessor für Dogmatik in die Fakultät der Theologischen Fakultät Trier aufgenommen.
-
D’Mass vum 26. Abrëll gëtt aus der Kasär vum Härebierg iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Nuit du samedi 25 au dimanche 26 avril : le pélé des jeunes nous attend !
Comme chaque année, pour l’ouverture de l’Octave, LuxYouth nous invite à marcher avec la Vierge Marie.