Skip to main content Skip to page footer

Niklos Expo 2026

Zu Konsdref an der Kierch Saint Barthélemy mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen

Programm fir Kanner

  • Datumer: 9., 10., 11., 14., 15., 16., 17., 18. September
  • 75 Min. fir jeeweils 1 Klass oder e Grupp vu bis zu 20 Kanner, fir 3 verschidden Alterskategorien (C2-C4)
  • Atelier 1 mam Danielle Mertes an Tanja Konsbrück. Atelier 2 mam Laure Simon. Beim Atelier 3 ass een Organist zousätzlech dobäi.
  • Beim Grupp vu Kanner soll eng Betreiungspersoun dobäi sinn. Idealerweis ass nach eng Benevolle Persoun och nach an der Kierch dobäi.
  • wéinst der Akustik ass et am beschten, wann ëmmer just eng eenzeg Grupp am Raum ass.

Atelieren:

  1. Ei, Ei, Ei – Geschwënn ass et schonn nees esou wäit! C2 + C3
    De Kleesche kënnt … Et ass zwar nach e bësschen Zäit bis dohin. Mee et kann een sech awer schonn drop virbereeden… Well et gëtt vill interessant Saachen iwwert deen Hellege Mann an dat grousst Fest ze entdecken a kennenzeléieren. Mat eisem „Kleeserchers-Spill“ maache mir eis zesummen op Entdeckungsrees… Zum Schluss bastele mir eppes. A wann dir wëllt, kritt dir och schonn am September eng Geschicht vum Kleeschen erzielt.
     
  2. Expo & Quiz zum Kleeschen: C4
    Et gëtt eng Féierung duerch d'Niklos Expo an ee Quiz, mat Opléisung dono.
     
  3. Kleesercherslidder bei der Uergel sangen: all Alter gemëscht
    Den Organist erkläert de Kanner d'Uergel a spillt e puer Lidder, déi si kennen a wou si matsange kënnen.

Umeldung mat enger Mail bis den 1.8.: Kultur Patrimoine Konsdref mat folgenden Informatiounen:

  1. Klass/Grupp,
  2. Zuel vun de Kanner an Alterskategorie,
  3. Präferenz vum Datum: 09.09. ; 10.09.; 11.09.;14.09.;15.09.; 16.09.;17.09.; 18.09.
  4. Moies oder Mëttes mat gewënschtem Zäitraum (8.45–10.00/10.30-11.45/14.15-15.30)
  5. Kontaktpersoun (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, Mailadress).

Mir bestätegen Är Umeldung a versichen d’Präferenzen ze respektéieren.

 


 

Programm fir Senioregruppen

  • 75 Min. fir e Grupp vu bis zu 15 Erwuessenen
  • wéinst der Akustik ass et am beschten, wann ëmmer just eng eenzeg Grupp am Raum ass.
  • den Zougang zur Kierch ass behënnertegerecht.

OFLAF VUN DER VISITT:
1. Visite guidée vun der Ausstellung
Gemittlech, am Tempo vun de Leit.
2. Ka5i a Kuch
Austausch iwwer Kandheetserënnerunge bei enger Taass KaMi.
3. Kleesercherslidder a Begleedung vun der Uergel sangen
Den Organist spillt e puer Lidder, déi si kennen a wou si matsange kënnen.
4. Filmer kucken vu Kleeserchersfeiere vu fréier
vun 1944 zu Wolz, an den 80er Joeren, an anerer ...

Umeldung mat enger Mail bis den 01.08.: Kultur Patrimoine Konsdref mat follgenden Informatiounen:

  • Datum: gewënschten Zäitraum (8.45 – 10.00 // 10.30 - 11.45 // 14.15 - 15.30)
  • Kontaktpersoun (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, Mailadress)

Mir bestätegen Är Umeldung a versichen d’Präferenzen ze respektéieren.


Eng Aktivitéit vun der ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture an Zesummenaarbecht mat dem Veräin Kultur a Patrimoine Konsdref an der Par Regioun Iechternach Saint Willibrord.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Headlines

Read more

Niklos Expo 2026

D’Mass vum 12. Juli gouf vu Réiser iwwerdroen

Personalveränderungen in der Erzdiözese Luxemburg

Rencontre du Conseil des Jeunes