Op ee Wuert – E Bibel-Podcast
"Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn
2000 Joer a méi sinn e laangen Dag. Esou wäit zréck hunn awer eng Rei Ausdréck, déi mer haut gebrauchen, hir Wuerzelen.
Wat hunn se deemools bedeit? Verstinn a gebrauche mer se richteg?
Kommt, kucke mer, wou déi Ausdreck hierkommen, kucke mer, wat domadder geméngt ass.
An eisem Alldag gebrauche mer nawell dacks Ausdréck oder Wierder, déi hiren Ursprong an der Bibel hunn. An dësem Podcast gi mer der Fro no, wou déi Ausdréck, déi Wierder hierkommen a mir leeën duer, wat deemools, wéi se an de bibleschen Texter gebraucht gi sinn, domadder geméngt war.
De Podcast "Op ee Wuert" ass eng Zesummenarbecht vum Fränz Biwer-Pettinger an dem Service communication et presse a riicht sech allgemeng u Mënschen déi sech fir déi Begrëffer interesséieren.
D'Fränz Biver-Pettinger, PhD Théologie catholique, ass ë. a. Member vum Aarbechtsgrupp “Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch” an huet zesumme mam E. Shuali d'Wierk "Traduire la Bible : hier et aujourd’hui / Translating the Bible : Past and Present" erausbruecht.
De Podcast besteet aus 3 Serien vu jeweils 6 Episoden, déi all 1-2 Wochen publizéiert solle ginn. An der éischter Serie mam Thema "Biblesch" Ausdréck, déi an d'Alldaagssprooch iwwergange sinn geet et ëm folgend Ausdréck:
- apokalyptesch Biller
- Rufer in der Wüste
- e Wonner
- arem wéi Job
- een Häerz an eng Séil
- Du Judas!
De Podcast kann een op Soundcloud, Spotify an hei um cathol.lu an der Rubrik "Op ee Wuert" lauschteren.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Headlines
-
Jean Ehret zum Honorarprofessor an der Theologischen Fakultät Trier ernannt
Prof. Jean Ehret wird als Honorarprofessor für Dogmatik in die Fakultät der Theologischen Fakultät Trier aufgenommen.
-
D’Mass vum 26. Abrëll gëtt aus der Kasär vum Härebierg iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Nuit du samedi 25 au dimanche 26 avril : le pélé des jeunes nous attend !
Comme chaque année, pour l’ouverture de l’Octave, LuxYouth nous invite à marcher avec la Vierge Marie.
-
Die Oktave in den Medien
apart TV, RTL ZWEE und cathol.lu