Skip to main content Skip to page footer

Georges Hoffmann (* 8.09.1945 - † 4.09.2026)

Léif Matbridder,

Ech hunn déi traureg Flicht iech matzedeelen, datt eise Matbrudder Georges Hoffmann haut, Freideg, de 4. September 2026, am Alter vun 80 Joer verscheet ass.
Hien ass den 8. September 1945 gebuer an de 25. November 1972 vum Bëschof Jean Hengen an eiser Kathedral zum Priister geweit ginn.
De Läichendéngscht gëtt den nächsten Dënschdeg 8. September 2026, Fest Mariä Geburt, um 10.00 Auer an der Kierch zu Steesel gefeiert.

Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un.
Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Georges senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.

Tréischterin am Leed, biet fir hien.

Patrick Muller
Generalvikar

Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.

 

 

Cabeçalho

mais notícias

Georges Hoffmann (* 8.09.1945 - † 4.09.2026)

Wallfaart op Banneux 8. September 2026

Pfarrvisitationen

Familienforschung im Diözesanarchiv