Muttergottesoktav
Thema: "Mënsch sinn, elo an hei"
D'Muttergottesoktav ass fir eis Diozees ee vun de wichtegste pastorale Momenter am Kierchejoer. Si bitt Momenter vu Gebiet a Besënnung, Musek, Begéinung an zesumme Mass feieren.
An der Kathedral a ronderëm fënnt jidderee seng Plaz, ob fir säi perséinlecht Gebiet, d'Feiere vun der Mass zesumme mat aneren, d'Besuerge vun engem Undenken, engem Matbréngsel am Missiounszelt (rue Notre-Dame) oder engem Buch aus dem Bicherzelt vun der Erwuessebildung (op dem Knuedler).
Häerzlech wëllkomm!