Skip to main content Skip to page footer

An eegener Saach...

D'Redaktioun vum cathol.lu lancéiert neien Internetsite

Mat engem komplett iwwerschaffte Layout lancéiert d'Redaktioun vum Service communication et presse déi nei Internet-Präsenz vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, déi et de Notzer erméiglecht, sämtlech Informatioune méi schnell an dëst an enger neier Struktur erëmzefannen.

Wichteg war et, déi éischt Säit mat den Aktualitéiten z'entschlaken an de Visiteuren z'erméiglechen, méi einfach a méi séier de Wee fir verschidden administrativ Demarchen ze fannen. An enger éischter Phas ass d'Haapt-Navigatioun um Site op lëtzebuergesch a franséisch disponibel. An enger méi spéider Phase kommen nach aner Sproochen derbäi.

Mir wëllen eis am Virfeld bei eisen Notzer dofir entschëllegen, falls deen een oder aneren Artikel zu engem bestëmmten Thema net ganz oder vereenzelt disponibel ass.

Eng wichteg Informatioun vun eis Notzer vum Portal ënnert der Adress mobile.cathol.lu: dëse Site ass obsolet an net méi zougänglech. De Portal fir d'Paren, Gemeinschaften a Kongregatiounen ënnert der Adress web.cathol.lu leeft virleefeg wéi gewinnt weider.

De fréiere Site soll awer fir Archiv-Zwecker ënnert enger verännerter Form nees zougänglech gemaach ginn. 

Merci dat dir dësen Artikel gelies hudd. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéiten vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, de Newsletter deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Highlights

Weitere Aktualitäten

Laudato si’ : le spectacle est parti en tournée !

Highlights & Doku "Feierliche Schlussprozession der Oktave" (2. Deel)

D’Mass vum 23. Februar gouf vu Péiteng iwwerdroen

Votum Solemne : « notre démarche dépasse le cadre du ‘faire’ pour engager notre cœur »