
An eegener Saach...
D'Redaktioun vum cathol.lu lancéiert neien Internetsite
Mat engem komplett iwwerschaffte Layout lancéiert d'Redaktioun vum Service communication et presse déi nei Internet-Präsenz vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, déi et de Notzer erméiglecht, sämtlech Informatioune méi schnell an dëst an enger neier Struktur erëmzefannen.
Wichteg war et, déi éischt Säit mat den Aktualitéiten z'entschlaken an de Visiteuren z'erméiglechen, méi einfach a méi séier de Wee fir verschidden administrativ Demarchen ze fannen. An enger éischter Phas ass d'Haapt-Navigatioun um Site op lëtzebuergesch a franséisch disponibel. An enger méi spéider Phase kommen nach aner Sproochen derbäi.
Mir wëllen eis am Virfeld bei eisen Notzer dofir entschëllegen, falls deen een oder aneren Artikel zu engem bestëmmten Thema net ganz oder vereenzelt disponibel ass.
Eng wichteg Informatioun vun eis Notzer vum Portal ënnert der Adress mobile.cathol.lu: dëse Site ass obsolet an net méi zougänglech. De Portal fir d'Paren, Gemeinschaften a Kongregatiounen ënnert der Adress web.cathol.lu leeft virleefeg wéi gewinnt weider.
De fréiere Site soll awer fir Archiv-Zwecker ënnert enger verännerter Form nees zougänglech gemaach ginn.
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
D’Mass vum 15. Juni gëtt vu Keespelt iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
„Pilger der Hoffnung“ beim Heiligen Willibrord
Nach dem 400. Jubiläum der „Trösterin der Betrübten“ im Mai, kamen die Pilger der Hoffnung jetzt zum Heiligen Willibrord.
-
Convite para o «Te Deum» na Catedral
O Cardeal Jean-Claude Hollerich convida toda a população a participar no «Te Deum» solene que vai ter lugar na Catedral
-
Mardi 10 juin : la traditionnelle procession dansante d'Echternach a réuni petits et grands
Parmi les pèlerins, de nombreuses écoles et lycées, encouragés par la présence du Grand-Duc Héritier et de la Grande-Duchesse Héritière.