
Schwaarz Noutmuttergottes
Wallfaart an der Kierch vum Stadgronn
An enger Säitennisch vun der Kierch vun der fréierer Abtei Neimënster steet eng Statu aus dem 14. Joerhonnert - déi sougenannt Schwaarz Muttergottes. Si ass och nach bekannt als Noutmuttergottes an si koum 1805 mam Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn.
D'Wallfaart bei d'Schwaarz Muttergottes geet vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg. Den Ursprong vun dësem Pilgeren zu der Maria am Stadgronn geet zeréck an 12. Joerhonnert an zwar op den Abt Folmar, dee vun 1124 bis 1144 Abt aus der Abtei Almënster war.
Aktuelles ronnderëm d'Wallfahrt zu der Schwaarzer Noutmuttergottes
Keng Aktualitéiten disponibel.