Pilgerfaart op Bruges 2026
An der Woch vu Christihimmelfaart hat sech ee klenge Pilgergrupp vu Lëtzebuerg, zesumme mam Weibëschof Leo Wagener, a Flandern op de Wee gemaach. Een Héichpunkt vun der Rees war d‘Helleg-Blutt-Prozesssioun vu Bruges, eng mëttelalterlech Traditioun, déi genee wéi d’Oktav haut zum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO gehéiert an all Joer dausende vu Mënschen unzitt.
No der feierlecher Mass an der Erléiserkathedral vu Bruges, déi vum Mgr Lode Aerts, Bëschof vu Bruges, presidéiert gouf, hunn nomëttes ronn 2000 Akteuren, Sängerinnen a Sänger, Museker a Schauspiller, an iwwer 30 beandrockenden Szeenen, déi chrëschtlech Heelsgeschicht op eng vielfälteg Mannéier an de Stroosse vu Bruges duergestallt.
Zum Ofschloss vun der Pilgerfaart goung et dann nach op Gent, eng aner mëttelalterlech Stad a Flandern, déi nieft Paräis deemools eng ganz grouss Roll gespillt huet. Zu Gent huet de Grupp un enger 3-D Féierung an der Krypta vun der Kathedral deelgeholl, wou d’Geschicht vum weltbekannte Konschttableau „Agneau mystique“ vun de Gebridder van Eick magistral erschloss gouf.
Fir d’Pilgerinnen an d‘Pilger an hire Begleetteam war et eng Zäit vu gelieftem Glawen, an intergenerationeller Verbonnenheet, iwwert d’Grenze vum Ländchen eraus.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Pèlerinage diocésain à Lourdes : "Je te salue, Comblée de grâce"
Du 20 au 25 juillet, retrouvez ici récit et photos !
-
Défendre la dignité des communautés autochtones
Le cardinal Jean-Claude Hollerich a rencontré des représentants des familles de défenseurs des droits humains disparus au Mexique.
-
Pressemitteilung
Stellungnahme des Erzbischöflichen Ordinariats zu der Carte Blanche von Bob Reuter vom 17. Juli 2026 auf Radio RTL.
-
Deliberationsregister – Quelle zur Pfarrgeschichte
In dieser Woche stellen wir Ihnen den Bestand der Deliberationsregister vor.