Skip to main content Skip to page footer

6. Ausfluchsdag fir d'Massendénger aus der Diözees

De Massendénger-Ausfluch war dëst Joer de 05.10.2024 zu Rëmeleng am Musée des mines.

Vu datt dëse Sonndeg do Kiermes ass, hu mir deen Dag och dacks dem Hämmelsmarsch héieren. Mir wënschen de Rëmelenger Leit eng schéi Kiermes.

Moies ware mir iwwerierdesch, mëttes ënnerierdesch: Elo wësse mir vill vum Eisenäerzofbau zu Lëtzebuerg tëscht 1898 an 1963.

Bei der Statu vun der helleger Barbara si mir och vill iwwer hiert Liewen, de Bärbelendag an hir Firsprooch fir d‘Minnenaarbechter gewuer ginn. D’helleg Barbara huet hiert Liewe fir hire Glawe ginn. Helleg Bärbel, biet fir eis.

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Niklos Expo 2026

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Robert Schuman – un homme du 21e siècle