Skip to main content Skip to page footer

Matinée vun de Parsekretariater

Treffe fir all déi Leit, déi reegelméisseg am Sekretariat matschaffen, den 29. Juni.

Den nächste Rendez-vous fir d’Matinée vun de Parsekretariater ass en Donneschdeg, den 29. Juni 2023 am Centre Arend-Fixmer (Les Étangs, 33, rue de Larochette, L-7661 Miedernach) um 9.30 Auer.

Als Gäscht begréisse mir

  • de Generalvikar Patrick Muller,
  • de Bistumskanzler Roger Nilles an
  • d’Gilberte Bodson vum Service Communication et Presse.

Dëst Treffen ass fir all déi Leit, déi reegelméisseg am Sekretariat matschaffen an adressiert sech och un éierenamtlech MataarbechterInnen. Sollt net jiddereen eenzel eng perséinlech Invitatioun kritt hunn, da mellt Iech wgl. bei eis. Merci!

Ordre du jour

09.00 Auer Accueil
09.30 Auer * Begréissung
* Austausch iwwer d’Erfarunge mat de Formulairen (Daf, Kommioun a Firmung), déi zënter September 2022 verbindlech sinn
* Intranet-Apps a SPIP (Programm, mat deem d’Internetsäite vum Bistum gemaach ginn)
* Wéi gesäit d’Zukunft vun de Parsekretariater aus (Ersetze vu Pensionéierten, etc.)?
* Ukënnegung vun Atelieren „Ëffentlechkeetsaarbecht an der / vun der Par“ (Parblat, Internet, Facebook, etc.)
* Austausch iwwer Uleies a Sammele vun Theeme fir eist nächst Treffen am Hierscht
12.15 Auer Ofschloss

Et gëtt d’Méiglechkeet op der Plaz zu Mëtteg z’iessen (15 €).
Mir bieden Iech eis ze soen, ob Dir deelhuelt an ob Dir op der Plaz iesst.
Réckmeldung hei bis spéitstens e Méindeg, den 26. Juni. Merci!

d’Ekipp Parsekretariater
Michèle Asseray, Gérard Kieffer, Dani Mackel, Josiane Poos

Rezentes am Archiv

Pontifikalmass zum Optakt vum Hellege Joer 2025

Eng Lann fir de Jubiläum!

Veille de la Toussaint : bienheureux Carlo Acutis et Pier Giogio Frassati

2 jours avant la Toussaint : Luiza Andaluz