Skip to main content Skip to page footer

Odo Sonoritas mat Klackewei

Di nei Beiekuerfklack ass vum Weibëschof Leo Wagener feierlech geweit ginn.

Am Kader vum Konzert ODO SONORITAS (9. Éditioun) mat Gregorianeschem Choral an zäitgenëssescher Musik zu Éier vum hellegen Odo, dem Patréiner vun der Stolzebuerger Kierch an dem Patréiner vu den Museker, ass op sengem Gedenkdag, den 18. November, dëst Joer eng Beiekuerfklack vum Weibëschof Leo Wagener feierlech geweit ginn.

D’Klack ass dem hellegen Odo vu Cluny an dem Fridde gewidmet, an ass mat der Hëllef vu villen ëffentlechen a private Sponsoren no enger mëttelalterlecher Method zu Stolzebuerg hannert dem Haus vu der Famill Lieners gegoss ginn. Vill Leit aus der Uertschaft, aus der Par an doriwwer eraus waren der Invitatioun vum Syndikat d’Initiative nokomm an hate sech zu dësem Gottesdéngscht afonnt, deen den Här Weibëschof zesumme mat dem Generalvikar Patrick Muller an dem Paschtouer Jeannot Gillen gehalen huet, assistéiert vum Diakon Jürgen Kusch a vum Zeremoniar Jempy Reiners.

Ënnert hinne waren och déi meescht Pätteren a Giedele vun der neier Klack, de Christophe Unkelhäusser, Initiator vum Klacke-Projet, an den Dr. Bastian Asmus, dee se mat senger Equipe ganz hiergestallt huet. D’Feier gouf gesanglech zesumme vun de Choralle vu Mierschent a Stolzebuerg verschéinert. No der Liesung, dem Ufank vum Markusevangelium, déi vun der Mme Félicie Zanter virgedroe gouf, ass de Msgr. Leo Wagener a senger Priedegt op d’Bedeitung vun der Klack agaangen an huet besonnesch den Aspekt vum Fridden an Uspillung op d’Enzyklika Pacem in Terris vum Johannes XXIII. ervirgehuewen. Duerno gouf d’Klack mat Wäiwaasser a Wäirauch geseent, mat Chrisam gesaleft an am alen Tuerm opgehaangen, wärend d’Mme Félicie Zanter an de Paschtouer Jeannot Gillen Erklärungen zur Kierch an hire Konschtschätz ginn hunn.

Uschléissend hu fir d’éischt déi dräi Damme Valérie Stammet, Adèle Sterck Filion a Margarita Dudcaka vum TRIO MAVUM Gregorianesch Gesäng virgedroen an duerno den Arthur Stammet mam Marcel Sawuri déi zäitgenësseg multimedial Performance „Ode an Odo“ mat elektronesche Kläng, Trommelen a klenge Klacken. Dee schéinen Owend huet mat enger Receptioun am Festsall e gemittlechen Ofschloss fonnt.

Rezentes am Archiv

Pontifikalmass zum Optakt vum Hellege Joer 2025

Eng Lann fir de Jubiläum!

Veille de la Toussaint : bienheureux Carlo Acutis et Pier Giogio Frassati

2 jours avant la Toussaint : Luiza Andaluz