Skip to main content Skip to page footer

Wallfaart op Banneux 8. September 2026

"Conduis nos pas au chemin de la Paix"

Um Ufank vum neie Pastoraljor 2026/2027 pilgert eis Äerzdiözes och dëst Joer nees, zesumme mat hirem Bëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, op Banneux. Des Plaz vu Gebiet markéiert den Ufank vum neie Schouljoer an domat och vum pastorale Schaffen.

D’Wallfaart fält dëst Joer zoufälleg op den 8. September. Et ass der Muttergottes hire Gebuertsdag. Ee Grond méi sëch op de Wee ze maachen. D’Joresthema vu Banneux gräift an dëser Zäit dat grousst Uleies vum Fridden op: „Marie, conduis nos pas aux chemins de la Paix“.

Banneux ass fir d’Lëtzebuerger ee vun deene bekanntste Marienwallfartsuerten. Wien op Banneux geet, schreift sech an eng al Traditioun an. Hir Wuerzele reeche bis an dat lescht Joerdausend, wou an onsécheren Zäiten, och op Initiativ vun de Gleewegen aus dem Kliewer Raum, eng Wallfaart zur Vierge des Pauvres ugefaangen huet. War Banneux mat senger Erscheinungsgeschicht dach nët an de Nokrichsjoren eng regelrecht Alternativ zu enger méi opwändeger Lourdeswallfaart. Bis haut gëtt et hei näischt Spektakuläres ze kucken, ausser den Erënnerungen un d’Erscheinungen vun deemools am Joer 1933, wou d’Maria sech dem klenge Mariette Becco gewisen huet.

D’Plaz selwer huet sech iwwer Joren zu engem Uert vu Gebiet, vu Begéinung, Versönung a Fridden entwéckelt. Eng „helleg Plaz“, op där d‘Mënschen aus allen Natiounen der Jongfra vun deenen Aarme bis haut hir d‘Alldagssuergen uvertrauen a bei der Quell em Heel a Seege froen.

Wéi schéi war et duerfir och, wou mir grad dëse Summer an Asien, am Häerz vum Vietnam, Spuere vun der Vierge des Pauvres entdecke konnten. Maria ass a bleift mat de Mënschen um Wee a si bied mat äis. Maria kennt keng Grenzen. Sie schafft grenziwwerschreidend a féiert ënnerschiddlech Mënschen zesummen.

Grad an deene leschte Wochen, wou d’Feier an den Hautes-Fagnes méi wéi een an Angscht an Onrou versat huet, koumen d‘Leit op Banneux fir bei der Gottesmamm em Schutz an Hëllef ze  biedelen.

Den 8. September 2026 ass et dann un äis a mir Lëtzebuerger kënnen der Gottesmamm eis eegen Uleies uvertrauen: d’Uleies vun eiser Lëtzebuerger Kierch, déi um Wee ass, struewelt a sicht; d’Uleies vun deene ville Mënschen déi Hëllef brauchen an enger Welt déi sëch rapide verännert huet; awer och eis perséinlech Uleies, ronderëm d’Krankheet an den Alter. Hei deet et gutt fir méi no beieneen ze réckelen an d’Gemeinschaft wéi een Antidote géint Glawenszweifel a Vereinsamung ze erfueren. Zéckt duerfir net fir dëst Joer derbäi ze sinn.

An all Dekanat gëtt et am Prinzip ee Pilgerbus. Oder firwat net, sech zesummendoen, fir mam Auto eng kleng Dageswallfaart an dat not Grenzgebitt op Banneux ze maachen, wou d’Jongfra vun deenen Aarmen op äis waart.


Traditionell gëtt am September op d’Wallfaart op Banneux invitéiert. Dëst Joer ass de Lëtzebuerger Pilgerdag Dënschdeg, den 8. September. Um 10.30 Auer feieren d’Lëtzebuerger Pilger zesumme mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich d’Mass an der Kierch Notre-Dame des Pauvres. Nomëttes ass d’Gebiet bei der Quell, de Kräizwee an eng individuell Seenung vun de Pilger. Duerno ass eng Sakramentsandacht mat Seegnung vun de Kranken.

Kontakt: pelerinages@cathol.lu


Matgedeelt vum Dekanat Lëtzebuerg:

D’Dekanat Lëtzebuerg fiert mat engem Bus moies um 8 Auer um Boulevard de la Pétrusse bei der Place de Metz (nieft der Spuerkeess) an der Stad fort. Géint 19 Auer kommen d’Pilger aus dem Dekanat nees an der Stad un.

Fir matzefuere melt Iech w.e.g. bis den 31. August bei der Dekanatsassistenin un (nicole.knoch@cathol.lu oder 621 18 50 15). D’Rees mam Bus an dem Mëttegiessen am Restaurant kaschten zesumme 55 Euro.

 

Weider Aktualitéien

Wallfaart op Banneux 8. September 2026

Pèlerinage diocésain à Lourdes : "Je te salue, Comblée de grâce"

Zur Echternacher Springprozession schien nicht nur Sonne wie in Afrika

„Die Bestimmung des Menschen ist Conversation“