Skip to main content Skip to page footer

Tarcisiusfeier

Gedenkfeier fir den éischte Schutzpatroun vum 4. Juli um Përmesknupp

All Joer denken d’Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den hellegen Tarcisius. Dëst Joer hu mir Samschdes, de 04. Juli 2026 um Përmesknupp an der Par Öewersauer St. Pirmin gefeiert.

 

An enger lieweger Kanner- a Familljemass um Permësknupp (Par Oewersauer Sankt Pirmin) hu mir eis gemeinsam op d’Summervakanz virbereet. D’Glacebulle virum Altor symboliséieren: Dankbarkeet (rout Bull), déi giel als Frischekick fir d’Vakanz a blo als Kugel vum Glawen. Gestäerkt kënne mir elo d’Summervakanz genéissen an e bëssen ofschalte vu Stress, Léieren an dem Alldagshektik.

Gläichzäiteg hu mir un den hellegen Tarcisius erënnert, de Schutzpatréiner vun de Massendénger. D’Mass gouf och zum Gedenken un den Här Chanoine honoraire Jos Weisgerber, laangjäregen Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, gefeiert.
Eng Scheckiwwereechnung vun de Kanner aus der Paroisse Öewersauer - St Pirmin u "Chaine de l’Espoir" huet deen offiziellen Deel ofgeschloss. Uschléissend konnte mir all bei engem "Pättchen" mat engem gudde Bréidchen zesumme déi flott Ambiance um Përmesknupp genéissen!

E grousse Merci un all déi, déi dës Feier mat vill Engagement virbereet an duerchgefouert hunn - an net ze vergiessen ee Merci un d’Përmesfrënn fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéitvun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Headlines

Read more

D’Mass vum 19. Juli gouf vu Beetebuerg iwwerdroen

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Römische und Bischöfliche Verordnungen und Mitteilungen (3-4)

Commencer l’été par un pèlerinage au Portugal