Skip to main content Skip to page footer

Tëleesmass

D'Iwwerdroung vun der Sonndesmass

Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“: vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um ApartTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.

Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.

Live & Replay

Hei leeft sonndes moies vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. Am Replay kënnt Dir d'Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier kucken a lauschteren. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil. 

Programm vun der Sonndesmass

Den 23. Februar gëtt d’Sonndesmass vun Péiteng iwwerdroen. D'Chorale Ste-Cécile Péiteng séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Isabelle Heischbourg. Op der Uergel begleet de Philippe Dehoux. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile Péiteng

Eis Chorale ass de Chouer vun der Parkierch Kordall Ste-Barbe. Zënter 1916 treffen sech hei all Sonndeg d’Sängerinnen an d’Sänger fir d'Houmass mat Gesang ze verschéineren an d'Feierdeeg mat engem festleche Programm auszezeechnen. Nieft de Sängerinnen a Sänger vu Péiteng kommen der och aus den Nopeschuertschafte Käerjeng, Rolleng an esouguer vun Nidderkuer. All Leit, déi Freed um Kierchegesang hunn sinn als aktive Member bei äis wëllkomm. Eis Prouwen si mëttwochs vun 20.00-21.30 Auer zu Péiteng an der Kierch.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Fughetta: Herr Jesu Christ, dich zu uns wend Sigfrid Karg-Elert
Agangslidd Dieu nous accueille en sa maison Lécot / Palestrina
Kyrie Messe in C Sigismund von Neukomm
Gloria Choralmass Orbis factor XI  
Zwëschegesank Der Herr vergibt die Schuld und rettet unser Leben  
Alleluia Amazing grace  
Gowelidd Herr, deine Güte reicht so weit A. E. Grell
Sanctus Messe in C Sigismund von Neukomm
Agnus Dei Choralmass Orbis factor XI  
Kommiounslidd O salutaris hostia Ch. Gounod
Schlusslidd Laudate Dominum L. Perosi
Sortie (Uergel) Marsch aus der Ouvertüre zu "Occasional Oratorio" G. F- Händel / W. Bretschneider

De 16. Februar gëtt d’Sonndesmass vun Huldang iwwerdroen. D'Chorale Ste-Cécile Huldang séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Ferdi Kreins. Op der Uergel begleet och de Ferdi Kreins. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile Huldang

Der Gesangsverein Ste-Cécile von Huldingen wurde 1932 gegründet. Die Chorale besteht zur Zeit aus 10 aktiven Mitgliedern. Der Gesangsverein trägt dazu bei, jegliche Messen gesanglich zu verschönern. Dirigent und Organist ist Ferdi Kreins. Das gute Miteinander wir in unserer Chorale großgeschrieben.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Improvisation Ferdi Kreins
Agangslidd Matthias-Lied onbekannt
Kyrie Hilda-Messe T. + M. Hilda
Gloria Hilda-Messe T. + M. Hilda
Zwëschegesank Hilda-Messe T. + M. Hilda
Alleluia Hilda-Messe T. + M. Hilda
Gowelidd Justorum animae J. R. J. Althoffer
Sanctus Hilda-Messe T. + M. Hilda
Agnus Dei Hilda-Messe T. + M. Hilda
Kommiounslidd Sehnsucht nach Frieden F. Händel / B. Stallmann
Schlusslidd Schütze dich onbekannt
Sortie (Uergel) Improvisation Ferdi Kreins

De 9. Februar gëtt d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. D'Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen. Op der Uergel begleet de Romain Ludwig. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg

Gegrënnt am Joer 1920 als Männergesangveräin an 1945 als gemëschte Chouer ugemellt.

Zënter 1996 läit d‘Direktioun vun der Chorale an den Hänn vum Nancy Back-Kelsen. Si bréngt et fäerdeg, datt eng 75 Sängerinnen a Sänger mat Freed an der Sängerfreed sangen.

De Repertoire vun der Chorale begräift e grousse Spektrum vu weltleche Wierker, mee de Succès vun der Chorale Sängerfreed kënnt gréisstendeels vun der geeschtlecher Musek.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Introduction J. Haydn
Agangslidd Der Herr ist gross J. Haydn
Kyrie Kyrie russische Volksweise
Gloria Gloire à Dieu H. Purcel
Zwëschegesank Mon Dieu plus près de toi M. Quaring
Alleluia Halleluia W. A. Mozart
Gowelidd So nimm denn meine Hände F. Silcher / J. Kinzé
Sanctus Saint le Seigneur  
Agnus Dei Everybody sing freedom Spiritual
Kommiounslidd O salutaris hostia L. v. Beethoven
Schlusslidd Rendez grâce au Seigneur G. Darcy
Sortie (Uergel) Sortie brève No 3 J. Kinzé

Den 2. Februar gëtt d’Sonndesmass vu Wëlwerdang iwwerdroen. D'Choralen Adesso, Canto dos Anjos an d'Chorale Sainte-Cécile Wilwerdange sangen d'Mass ënnert der Direktioun vum Vanessa Simoes. Op der Uergel begleet de Ferdi Kreins. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Familljemass mat de Choralen Adesso, Canto dos Anjos an der Chorale Sainte-Cécile Wilwerdange

Seit 2014 finden die Familiengottesdienste der Pfarrei Ëlwen-Weiswampach Saint-François in der Familienkirche Wilwerdingen statt. Auch die Katechese der Pfarrei hat inzwischen ihren Platz in Wilwerdingen gefunden.

Der Familiengottesdienst richtet sich besonders an die Familien der Katechetenkinder. Vorbereitet wird die Messe von der ‚Equip Familljegottesdingscht‘, der 7 bénévole Mitarbeiter(innen) unter der Leitung von Ingrid Scholzen angehören. Bei den Familiengottesdiensten werden die Kinder aktiv in das Szenenspiel, die Lieder und Gebete einbezogen. Gesungen wird vom Kinderchor ‚ADESSO‘ aus Ëlwen-Weiswampach, dem portugiesischen Chor ‚CANTO DOS ANJOS‘ aus Ulflingen und den Sängern der Chorale Ste Cécile aus Wilwerdingen unter der Leitung von Vanessa Simoes als Dirigentin und Ferdi Kreins als Organist.

Vor jeder Familienmesse finden in der Kirche von Wilwerdingen zwei Proben für alle Sänger(innen) der drei Chöre statt.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Agangslidd Deus esta aqui Eli Soares
Segnung der Kerzen    
Gloria Licht der Liebe Detlev Jöcker
Tëschegesank Stell dich in die Sonne Kurt Mikula
Gowelidd Esta pequena luz John Rutter
Sanctus Sanna Sannina unbekannt
Anamnes Deinen Tod oh Herr, verkünden wir unbekannt
Agnus Dei Donne la paix Jean-Noël Klinguer
Kommiounslidd Kanner van dëser Welt Axel Schulze / Wolfgang Godstein
Schlusslidd Vom Anfang bis zum Ende Daniel Kallauch

De 26. Januar gëtt d’Sonndesmass vu Wuermer iwwerdroen. D'Chorale grand-ducale Sainte-Cécile Wormeldange séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Steffi Schlink. Op der Uergel begleet de Luc Rollinger. Perkussioun/Batterie: Luc Steinmetz a Felix Weyer. Querflütt: Michèle Oth. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale grand-ducale Sainte-Cécile Wormeldange

De Wormer Gesank besteet zënter 1850 a feiert dës Joer säin 175. Anniversaire.

Als renge  Männerchouer gegrënnt, gouf aus Mangel u Sänger, am Joer 1973 eng Chorale Mixte erschaf.

D‘Chorale suergt fir de musikaleschen Encadrement vu feierleche Massen a kierchleche Feierlechkeete wéi Kanddafen, Hochzäiten a Begriefnesser an der Wormer Por an doriwwer eraus a sengt och all Joer e weltleche Concert.

An der Vergaangenheet haten d’Sänger an d’Sängerinnen oft d‘Geleeënheet an Zesummenaarbecht mat aner Chéier gréisser Wierker an der Wormer Kierch an auswäerts opzeféieren.

An dësem Jubiläumsjoer gëtt d‘Johannespassioun vum Jean-Pierre Kemmer ënnert der Leedung vun der Dirigentin Steffi Schlink a begleed vum Organist a Pianist Luc Rollinger den 31. Mee zu Ueschdref an den 1. Juni zu Wormer an der Kierch opgefouert.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Agangslidd Celebrate and Sing Joel Raney
Kyrie A Little Jazz Mass Bob Chilcott
Gloria Gloria, Gloria John Paige
Alleluia Alleluia, Messe d'Emmaüs L. Grzbowski / B. Foskin
Gowelidd Look at the world John Rutter
Sanctus A Little Jazz Mass Bob Chilcott
Anamnes Jesus Christus operstane vum Doud L. Kirsch / N. Colombier
Agnus Dei A Little Jazz Mass Bob Chilcott
Kommiounslidd Pain de Dieu, pain de vie C. Bernard / J. Akepsimas
Schlusslidd Old Irish Blessing D. Agay
Sortie (Uergel) Improvisation  

De 19. Januar gëtt d’Sonndesmass vu Réimech iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Réimech séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Roby Pauly. Op der Uergel begleet de Patrick Wilwert. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile Réimech

D’Chorale Sainte Cécile vu Réimech gouf am Joer1848 gegrënnt. Si sangen all Sonndeg an all Feierdag d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnesmassen. Geprouft gëtt donneschdes owes an der Kierch vun 20.00 - 21.30 Auer. D’Chorale kritt vill Komplimenter gemat, mee dovunn eleng kann e Veräin net liewen; et giff si freeën, wa sech stëmmbegabte Leit entschléisse wéilten, dem Chouer bäizetrieden, fir datt si och am nächste Joer d’Masse feierlech gestalte kënnen, dem Härgott zur Éier an de Leit zur Plëséier.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Präludium in F (BuxWV 144) Dieterich Buxtehude
Agangslidd Die Gott lieben Peter Strauch
Kyrie Missa brevis in B Christopher Tambling
Gloria Missa prima Claudio Crassini
Zwëschegesank Singet dem Herrn ein neues Lied Klaus Fischbach
Alleluia Louange et gloire Jean-Jo Roux
Gowelidd Laudate Dominum Christopher Tambling
Sanctus Missa brevis in B Christopher Tambling
Anamnes Deinen Tod, oh Herr aus Éisterräich
Agnus Dei Missa brevis in B Christopher Tambling
Kommiounslidd Der Herr ist mein Hirte aus Schottland
Schlusslidd Verspergesang Dimitri S. Bortniansky
Sortie (Uergel) Festival Voluntary Flor Peeters

Den 12. Januar gëtt d’Sonndesmass vu Béigen (Boevange/Clierf)) iwwerdroen. D'Chorale Béigen-Lëlljen-Stackem séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Basty Differding. Op der Uergel begleet de Luc Reff. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Béigen-Lëlljen-Stackem

Wéi bei all Kierchechouer am Land, besteet och bei ais akuten Nowuessmangel. De Benevolat spillt dobäi eng grouss Roll. Kee wëllt regelméissig d'Prouwen an d'Masse besichen, mee all Mënsch  freet eng feierlich Mass bei spezielle Geleeënheeten!!

Ais ambitiéis Aufgab, 5 Kierchen an 2 Kapellen ze bedingen, mécht d'Aufgab nek méi einfach. 

Aise Chouer gouf de 26. Mäerz 1979 gegrënnt an ais Prouwe se von Afank aan ëmmer Moondes ëm 20 Auer zu Lëlljen.

NEI MITGLIEDER SËNN ËMMER HAERZLICH WËLLKOMM!!

KONTAKT:  661 768 355

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Preludium Johann Pachelbel
Agangslidd African Noël Pasquale Thibaut
Kyrie Weihnachtskyrie Lorenz Maierhofer
Gloria Singt Gloria Gerhard Rabe
Zwëschegesank Christ ist geboren Pasquale Thibaut
Alleluia Bonne nouvelle Gschwind / Wackenheim
Gowelidd Méditation baptême T: Basty Differding
Sanctus Missa brevis KV 140 Wolfgang A. Mozart
Anamnes Venite Laurent Menager
Agnus Dei Latein. Mass Krippes Mueller
Kommiounslidd Ecoutez la voix Andlauer / Cazade / Mendelssohn
Schlusslidd Frieden für die Welt Boney M.
Sortie (Uergel) Minuit Chrétiens Placid Cappeau / Adolphe Adam

De 5. Januar gëtt d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile vun Uespelt an Helleng sangen d'Mass ënnert der Direktioun vum Bernadette Kayser-Waldbillig. Op der Uergel begleet de Sydney Scho. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile vun Uespelt an Helleng

D‘Chorale Sainte Cécile vun Uespelt an d‘Chorale Sainte Cécile vun Helleng hunn sech virun en etlech Joren zesumme gedoe fir ze sangen. Haut prouwen a sange mir zesummen zu 25 Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Bernadette Kayser-Waldbillig a mi gi begleet vum Sylvain a vum Alain Besch op der Uergel oder um Piano. Mir sange weltlech a réliéis Concert’en an Déngschter a verschéineren d‘Festivitéiten an der Fréisenger Gemeng mat eisem Gesank.

Hutt Dir Freed um Chouergesank, da kommt bei eis! Eis Prouwen si Méindesowes vun 20 bis 22 Auer am Proufsall an der Annexe vum Uespelter Schlass. Nei Sängerinnen a Sänger si jidderzäit häerzlech wëllkomm!

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel)    
Agangslidd Ein Stern ging auf im Osten LD 406
Kyrie Messe "Noël Blanc" Noël américain / arr. P. Colombo
Gloria Messe "Noël Blanc" Noël américain / arr. P. Colombo
Zwëschegesank Nun freut euch ihr Christen LD 390/389
Alleluia idem. GL 174,4
Gowelidd Dans une humble  crèche Langrée / Claude
Sanctus Messe "Noël Blanc" Noël américain / arr. P. Colombo
Anamnes gebied  
Agnus Dei Messe "Noël Blanc" Noël américain / arr. P. Colombo
Kommioun (Uergel)    
Schlusslidd Tochter Zion LD 385
Sortie (Uergel)    

De 29. Dezember gëtt d’Sonndesmass vun Useldeng iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Gemeng Useldeng séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Fernand Even. Op der Uergel begleet de Carlo Philippe. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile Gemeng Useldeng

D’Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng ass am Dezember 2015 gegrënnt ginn déi séch aus 24 aktive Memberen vun de fréiere Choralen Useldeng, Iewerleng, Rippweiler a Schandel, dem Organist Carlo Philippe an Dirigent Fernand Even zesummesetzt. Fir eis Programmen anzeprouwen hu mir emol d’Woch (méindes) an eisem Proufsall an der aaler Schoul zu Iewerleng eng Prouf. Am Prinzip hu mir e puer Dingschter pro Mount an eiser Gemeng.

Eis Haaptaktvitéiten bestinn aus der gesanglecher Gestaltung vun de Sonndes-, Feierdags-, Houchzäits-, Begriefnismassen an deene véier Dierfer vun eiser Gemeng sou wéi och fir weltlech Manifestatiounen ze verschéineren.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Sinfonies de Fanfares Jean-Joseph Mouret (1682-1738)
Agangslidd Auf Christen singt festliche Lieder LD 393, 1+2
Kyrie Licht, das uns erschien LD 116
Gloria An der grousser hellger Nuecht LD 396, 1-3
Zwëschegesank Réjoui-toi, Jérusalem Berthier / Bernard
Alleluia Halleluja GL 174,4
Gowelidd O du fröhliche LD 399, 1+2
Sanctus Heilig, heilig, dreimal heilig LD 395, 4
Anamnes Kommt, loost äis hien ubieden Melodie: Kommt lasset uns anbeten
Agnus Dei Aus dem Himmelssall LD 394, 1-3
Kommiounslidd Es ist ein Ros entsprungen LD 391, 1+2
Schlusslidd Heiliger Joseph, hör uns flehen LD 531, 1+2
Sortie (Uergel) In dulci jubilo BWV 729 Johann Sebastian Bach (1685-1750)

Et séngt d’Maîtrise Ste-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ënnert der Leedung vum Marc Dostert a begleet vum Paul Breisch op der Haupt/Rieger-Uergel.

D’Maîtrise vun der Kathedral séngt d’Chrëschtmetten an d’Mass op Chrëschtdag

D’Maîtrise vun der Kathedral, 1844 als Männerchouer gegrënnt, huet sech developpéiert a vun 1965 un och Sängerinnen an hir Reien opgeholl. Si séngt bei deene grousse Geleeënheeten an de Kathedralsgottesdéngschter wéi d’Oktav, den Te Deum fir Nationalfeierdag, Chrëschtdag an Ouschteren an déi aner grouss Feierdeeg, bei ville Pontifikalmassen, awer och fir Concerten (wéi „Au seuil de l’Avent“) a bei nationalen a reliéis-kulturellen Evenementer in- an ausserhalb vun der Kathedral, regelméisseg och zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Chant d’entrée Puer natus est ch. grégorien
Kyrie Pastoralmesse R. Jones
Gloria Pastoralmesse R. Jones
1ère lecture Jubelt, ihr Lande, dem Herrn
+Versets du ps. 98
Mag. 484-1
Acclamation de l’Evangile Erwecht ! Stitt op !  L. Drees
Credo III
Et incarnatus est
ch. grégorie
O. di Lasso
Offertoire Unto us is born a Son arr.: D. Willcocks
Sanctus Heilig, heilig, dreimal heilig Mag. 817-4/ arr.: M. Dostert
Agnus Dei Pastoralmesse R. Jones
Communion Noël Basque Dom P. Benoît
Action de grâce Hark! the Herald Angels sing arr.: D. Willcocks
Chant final Aus dem Himmelssall Mag. 819 /arr.: A. Leblanc
Sortie Rapsodie sur des Noëls E. Gigout

Et séngt d’Maîtrise Ste-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ënnert der Leedung vum Marc Dostert, begleet vum Paul Breisch op der Haupt/Rieger-Uergel. Solistinne sinn d’Noemie Desquiotz-Sunnen, Sopran an d’Ilenia Zuccoli, Mezzo-Sopran a Querflüt an de Cedric Latz, Kantor.

D’Maîtrise vun der Kathedral séngt d’Chrëschtmetten an d’Mass op Chrëschtdag

D’Maîtrise vun der Kathedral, 1844 als Männerchouer gegrënnt, huet sech developpéiert a vun 1965 un och Sängerinnen an hir Reien opgeholl. Si séngt bei deene grousse Geleeënheeten an de Kathedralsgottesdéngschter wéi d’Oktav, den Te Deum fir Nationalfeierdag, Chrëschtdag an Ouschteren an déi aner grouss Feierdeeg, bei ville Pontifikalmassen, awer och fir Concerten (wéi „Au seuil de l’Avent“) a bei nationalen a reliéis-kulturellen Evenementer in- an ausserhalb vun der Kathedral, regelméisseg och zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.

 

Vigile
Invitatoire Es kommt ein Schiff geladen arr.: J. Fr. Doppelbauer
Hymne O little town of Bethlehem arr.: R. Vaughn Williams
1ère lecture Heute ist uns der Heiland geboren
Resonet in laudibus
Mag. 149,2
arr.: U.S.C
2ième lecture Entre le boeuf et l’âne gris arr. : Fr.-A. Gevaert
Placement de l’enfant Jésus dans la crèche O, come all ye faithful arr.: D. Willcocks
     
Messe
Chant d’entrée O du fröhliche arr. : H. Paulmichl
Kyrie Kleine Weihnachtsmesse op. 350 H. Paulmichl
Gloria Les anges dans nos campagnes arr. : P. Hermans
1ère lecture Aujourd’hui, un sauveur nous est né
+Versets du ps. 95 
M. Wackenheim
Acclamation de l’Evangile Halleluja-Ruf H. Paulmichl
Credo gëtt gebied  
Offertoire Away in a manger arr.: D. Willcocks
Sanctus Kleine Weihnachtsmesse op. 350 H. Paulmichl
Agnus Dei Kleine Weihnachtsmesse op. 350 H. Paulmichl
Communion Dem Chrëschtkëndchen J. Biwer
Action de grâce Zu Bethlehem geboren Mag.140/arr.: Kl. Fischbach
Chant final Stille Nacht arr.: J.-P. Majerus
Sortie Toccata E. Gigout

Den 22. Dezember gëtt d’Sonndesmass vu Biekerech iwwerdroen. D'Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller. Op der Uergel begleet de Jos Schaefers. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Réunie Biekerech - Rippweiler - Schweecherdaul

D’Chorale Réunie Biekerech - Rippweiler – Schweecherdaul séngt d’Tëleesmass vum 22. Dezember 2024 zu Biekerech ënnert der Direktioun vum Här Fernand Scheller. Organist ass den Här Jos Schaefers. D’Chorale Réunie gouf 2001 an d’Liewe geruff vum Här Albert Brauch.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Nun komm, der Heiden Heiland BWV 599 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Singe im Advent Lorenz Maierhofer
Kyrie O Seigneur, toi qui sais pardonner Camille Rodenbour
Zwëschegesank Macht die Türen auf Detlev Jöker
Alleluia Alleluja - Kanon Fernand Scheller
Gowelidd Deines Kindes Gebet erhöre Felix Mendelssohn
Sanctus Saint, saint le Seigneur Camille Rodenbour
Anamnes Jesus fir dech liewen ech Fernand Scheller
Agnus Dei Agneau de Dieu Camille Rodenbour
Kommioun (Uergel) 1. Saatz Pastorale BWV 590 Johann Sebastian Bach
Kommiounslidd Tout l'univers est plein Peter Schulz
Schlusslidd Advent ist ein Leuchten Lorenz Maierhofer
Sortie (Uergel) Laissez paître vos bêtes FWV 24 César Franck

Den 15. Dezember gëtt d’Sonndesmass vu Jonglënster iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Jonglënster séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Luc Nilles. Op der Uergel begleet de Laurent Felten. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D'Chorale Sainte-Cécile Jonglënster

Fir d’Feierlechkeete vun 250 Joer Lënster Kierch huet de Lënster Gesank vill musikalesch Highlights gesongen. Mee och fir 2025 sti grouss Projeten u wéi z.B. de Concert Ons Mamm vu Lëtzebuerg, Sonndes den 18. Mee 2025 an der Lënster Kierch am Kader vu 400 Joer Oktav.

Aktuell stinn 32 passionéiert Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Luc Nilles a gi begleet op der Uergel vum Laurent Felten. Kommt a sangt mat! Kontaktéiert eis op info@LensterChorale.lu a kuckt och op www.LensterKierch.lu.

Eis Prouwe sinn donneschdes vun 19:30 bis 21:00 Auer am Centre Culturel, 8 rue du Village zu Jonglënster (keng Prouwen an de Schoulvakanzen).

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Choralvorspiel über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 599 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Jubilez Jean-Baptiste du Jonchay
Kyrie Missa XVII Adventus et Quadragesima Mag. 415
Zwëschegesank In meinem Gott jubelt mein Herz Mag. 597,2
Alleluia Halleluja Mag. 532,2
No der Priedegt Choralvorspiel über "Nun komm, der Heiden Heiland" BuxWV 211 Dietrich Buxtehude
Gowelidd Hellege Mäerten Patrick Colombo
Sanctus Missa XVII Adventus et Quadragesima Mag. 416
Agnus Dei A Mass for Peace Karl Jenkins
Kommioun (Uergel) Choralbearbeitung über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 659 Johann Sebastian Bach
Kommiounslidd Lead me Lord Samuel Sebastian Wesley
Schlusslidd Tauet, Himmel, den Gerechten Mag. 813
Sortie (Uergel) Choralbearbeitung über "Nun komm, der Heiden Heiland" BWV 661 Johann Sebastian Bach

Den 8. Dezember gëtt d’Sonndesmass aus der Kathedral iwwerdroen. Mat dëser Mass ginn d'Feierlechkeeten fir de 400 Jubilé vun der Marienwallfaart agelaut. D'Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathedrale Notre-Dame de Luxembourg séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Marc Dostert. Op der Uergel begleet de Paul Breisch. D’Mass gëtt um 10.30 Auer als Tëleesmass live op apartTV, RTL Zwee an als Stream op cathol.lu iwwerdroen.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (orgue) Prélude à l'introït "Ave spes nostra" Dom Paul Benoît
Chant d'entrée Ave spes nostre-Confortavit ch. grég. / J.-P. Majerus
Kyrie Missa "Ave spes nostra" L. Menager
Gloria Gloria de Lourdes J.-P. Lécot
1ère lecture Och an der neier Zäit R. Ponchelet
Acclamation de l'Évangile Halleluja + Coda Mag. 530-8 / C. Mawby
Credo III ch. grég.
Offertoire Jubilate Deo W.A. Mozart
Sanctus IX ch. grég.
Agnus Dei Missa "Ave spes nostra" L. Menager
Communion Ave verum corpus E. Elgar
Action de grâce Léif Consolatrix J. Hoffmann
Chant final O Mamm, léif Mamm Mag. 891
Sortie (orgue) Grand choeur dialogué Eugène Gigout

Den 1. Dezember gëtt d’Sonndesmass vun Aasselbur iwwerdroen. D'Chorale Sainte-Cécile Aasselbur séngt d'Mass ënnert der Direktioun vum Monique Palzer-Weber. Op der Uergel begleet d'Anne Weis-De Jongh. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

 

D'Chorale Sainte-Cécile Aasselbur

Scho bal traditionell sange mir och dëst Joer eis Tëleesmass om 1. Advents-Sonndeg. Dëst Joer feiere mir rëm zesumme mat der Amicale vun de fräiwëllege Pompjeeën, déi all Joer, den 1. Sonndeg am Dezember, hir Schutzpatréinesch, déi Helleg Barbara, éieren.

Eise Chouer besteet well säit 1868 an et mecht ëmmer rëm Freed an sou enger flotter Equipe souwuel kierchlech, wéi weltlech ze sangen. Mir hunn all Mëttwochs Prouf a probéieren och fir all Mass ee schéine Programm, mat deels neie Lidder, anzeprouwen. Fir de Moment hu mir 20 aktiv Sänger(innen), an et ass jidderee wëllkomm, dee gäre séngt. Avis aux amateurs.

 

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Introitus: Macht hoch die Tür Roman Jungegger
Agangslidd Macht hoch die Tür  (Halle, 1704)
Kyrie Messe de la grâce divine Camille Rodenbour / arr. Anne Weis
Alleluja Peuple de Dieu, prépare-toi Lucien Deiss
Credo gëtt gebied  
Gowelidd Aube nouvelle Michel Scouarnec / Jo Akepsimas
Sanctus Messe de la grâce divine Camille Rodenbour / arr. Anne Weis
Agnus Dei Messe de la grâce divine Camille Rodenbour / arr. Anne Weis
Kommiounslidd Freuet euch allezeit Werner Arthur Hoffmann / arr. Klaus Heinzmann
Schlusslidd Sankt Barbara unbekannt
Sortie (Uergel) Wir sagen euch an den lieben Advent Heinrich Sebastian Reif

Aner Sonndesmassen op der Tëlee:

Deeglech Massen:

D'Sonndesmass kucken

Live & Replay

Kontakt

Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d'CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, teleesmass@cathol.lu

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!

Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnam an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, apartTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte-Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.

Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte-Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!