Skip to main content Skip to page footer

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2026-2027

Elo als PDF verfügbar

Elo als PDF verfügbar

D'Editioun 2026-2027 vum Ordo archidioecesis luxemburgensis, dem “Direktorium für Offizium und Messfeier in der Erzdiözese Luxemburg”, ass am Drock. Mir invitéieren Iech, Är Exemplairë bis spéitstens e Méindeg, de 26. Oktober 2026, ze bestellen. D'Participatioun un de Käschte bleift wéi déi lescht Jore bei 22 Euro pro Ordo (Porto mat abegraff). - D'Liwwerung ass fir Mëtt November geplangt.

 

Fir d’Poren

Wéi déi lescht Jore maachen d'Poren d'Bestellung vum Ordo exklusiv iwwer de Webshop vum Kierchefong: https://kierchefong.lu/shop

Fir Duplikatiounen ze vermeiden an d'Bestellung ze erliichteren, ass et unzeroden, eng Persoun pro Por ze designéieren, déi eng zentraliséiert Bestellung iwwer de Webshop mécht. Allerdéngs muss eng Bestellung pro gewënschte Liwweradress gemaach ginn.

 

Aner Commanden

All aner Commanden, déi net fir d’Pore sinn, kënne bis de 26.10. iwwer dëse Link gemaach ginn: https://formulaires.cathol.lu/ordo

Den Ordo kann och per Telefon bestallt ginn: Tel. 462023 (moies vun 9 bis 12 Auer).

 

Ordo als Download

Den Ordo ass och an enger elektronescher Versioun (PDF) verfügbar. Dir kënnt en elo scho gratis eroflueden ënnert dësem Link.

D’Bistumsverwaltung

Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.

Headlines

Read more

D’Mass vum 11. Oktober gouf vu Käl iwwerdroen

Ordo Archidioecesis Luxemburgensis 2026-2027

L'Archidiocèse de Luxembourg publie son rapport d'activités 2025-2026

Franziskusfest bei den Luxemburger Franziskanerinnen