Skip to main content Skip to page footer

War de Jesus Masoschist?

Kommentar zum 7. Sonntag im Jahreskreis von Sr Clara-Martine Regenwetter osb (23.2.2025)

Am Evangelium liese mer dëse Sonndeg en Text, dee fir déi alleréischt Chrëschten ausschlaggebend an identitéitsschaafend war: an der fréier Literatur gëtt d'Feindesléift extrem oft zitéiert. Si war e Markenzeeche vun den éischte Gemeinschaften, obwuel d'Chrëschten an der Ënnerzuel an zum Deel verfollegt waren. Soubal si awer Accès zur Muecht kruten, hunn d'Theologen Argumenter fonnt fir Krich a Gewalt ze rechtfertegen. 

Och haut gëtt de Passage vum Lukas nach ëmmer benotzt fir Mënsche kléng ze halen, hinnen ze suggeréieren, „brav“ Chrëschte sollten den anere Bak dohinhalen. Dobäi huet weder de Jesus (Jn 18,22-23) nach de Paulus (Ac 23, 2-5) deen anere Bak dohi gehalen, wéi si virum Sanhedrin eng op de Bak kruten...

Fir mech resonnéiert de Passage mat enger Ausso vun der Sr Véronique Margron (op), am Kontext vum Jubilé 2025 – Pilger vun der Hoffnung: « L'espérance, c'est l'anti-destin ». Esou verstinn ech och d'Reaktiounspropose vum Jesus. Hie klëmmt ganz bewosst aus deem eraus, wat Schicksal ze si schéngt a wat mir a ville Konflikter a Kricher ëmmer erëm gesinn: Gewalt erzeugt Géigegewalt, eng Spiral vun der ee keen Enn gesäit a laanscht déi sech riets a lénks déi meeschtens onschëlleg Doudeg optiermen. Do huet d'Hoffnung kee Buedem, all Zorte vu Fanatismus an Haass allerdéngs schonn. 

Wann de Jesus proposéiert den anere Bak dohin ze halen, dann ass dat net masoschistesch, mee eng Provokatioun. D'nämmlecht fir dat, wat de Mantel ugeet: et war an Israel verbueden, engem säi Mantel bei engem Prozess ze konfiszéieren, well deen oft nuets als Decke benotzt gouf. De Jesus wollt also och do säi Vis-à-vis mat dëser Verhalenspropose oprëselen, en säin Iertum erkenne loossen an en opfuerderen an eng nei Haltung eranzewuessen. Doriwwer eraus verkierpert des Haltung fir mech tatsächlech dat chrëschtlecht Anti-Schicksal: am chrëschtleche Glawe gëtt et kee Schicksal, näischt ass festgeschriwwen a muss sou an esou kommen. An deem Verhalen dat de Jesus virschléit, gëtt de Géigeniwwer net a senge Feeler oder sengem Zoustand als Feind agespaart, mee hie kritt d'Méiglechkeet, ëmzedenken, en neie Wee anzeschloen. Deen Aneren net festzeneelen, hien net vir ëmmer op seng Feeler reduzéieren, dat ass en Terrain op deem Hoffnung ka wuessen. 

Allerdéngs kann et och schif goen an da kritt een eng ferm op d'Oueren, et ass ee Mantel a Plower lass. De Jesus koum un d'Kräiz. Mee Hien huet eis domat gewise wien a wéi Gott ass. Chrëscht sinn, heescht net Optimist sinn oder e rosa Brëll unhunn, mee mat 2 Féiss um Buedem vun den Tatsaache stoen a kucken, wéi kann ech dës Situatioun liewen an dobäi souwäit wéi méiglech Zeie vun deem Gott sinn, deen all eenzelne Mënsch gär huet, mat alle Konsequenzen.

Sr Clara-Martine Regenwetter osb
Monastère Notre-Dame d'Hurtebise

 

Bicher & Publikatiounen