Pater Francis Schumacher O.S.B. (* 08.05.1940 - † 03.02.2026)
Eise Matbrudder ass am Alter vu 85 Joer den 3. Februar 2026 verscheet.
Eise Matbrudder de Pater François Schumacher aus der Benediktinerabtei vu Klierf ass en Dënschdeg, den 3. Februar 2026, am Alter vu 85 Joer verscheet.
Hien ass den 8. Mee 1940 zu Bauschelt (Boulaide) gebuer an de 14. Dezember 1969 vum Bëschof-Koadjutor Jean Hengen an der Parkierch zu Bauschelt zum Priister geweit ginn an huet seng Profession monastique den 2. Januar 1972 zu Klierf gemaach.
Hie stoung vun 1971 bis 2016 am aktiven Déngscht vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg, besonnesch am Dekanat Klierf an de Paren, wéi och a verschiddenen Haiser fir eeler a krank Leit. Hien huet och no senger Pensioun a bis virun e puer Méint nach vill Déngschter duerch Gebiet, Begleedung an Zelebratiounen geleescht.
De Läichendéngscht gëtt dëse Freideg 6. Februar 2026 um 15.00 Auer an der Abtei zu Klierf gefeiert. Haut den Owend, Donnescheg 5. Februar um 18.00 Auer, fënnt eng Gebietsveillée fir hien an der Abteikierch statt.
Mir vertrauen eise Matbrudder dem Herrgott senger Baarmhäerzegkeet un. Ech bieden Iech, eisem Matbrudder Francis senger an enger Eucharistiefeier ze gedenken.
Tréischterin am Leed, biet fir hien.
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Gabrielle Halpern: „Was werden wir der künstlichen Intelligenz übertragen und was nicht?“
Philosophischer Impulsvortrag anlässlich des Festes des Heiligen Johannes XXIII.
-
Herzlichen Glückwunsch, Père Kardinal!
Kardinal Jean-Claude Hollerich feiert am 16. Oktober 2026 den 15. Jahrestag seiner Bischofsweihe.
-
Beten wir für die Gesundheit des Papstes
Gebetsanliegen für Papst Leo XIV. für die Sonntagsgottesdienste am 17. und 18. Oktober 2026
-
18. Oktober 2026: 100. Missionssonntag
„Eins in Christus, vereint in der Mission“ – Fest der Katholizität und der universellen Solidarität, Missionskongress.