Lourdes 2024
120ème pèlerinage diocésain avec 180 pèlerins en chemin avec Marie maîtresse de vie humaine et spirituelle.
D’Wuert vum Weibëschof
« Quelle que soit la blessure, il y aura une lumière, il y aura un avenir » Am Mount Mee vun dësem Joer war de 64. Pèlerinage Militaire International (PMI) zu Lourdes mat der Bedeelegung vun enger Delegatioun vu Lëtzebuerg. Ech hunn e puer Zeremonien um Internet verfollegt a war impressionéiert vum Temoignage vun engem franséische Veteran. Hien hat seng zwee Been amputéiert an huet sech aus dem Rollstull u seng Komeroden adresséiert. Ech wëll hei e puer markant Sätz vu senger spontaner Usprooch opgräifen, well ech mengen, datt si och äis eppes ze soen hunn.
Hie sot: « On arrive au pèlerinage ; on ne sait pas ce qui sera ». Esou geet et äis alleguer, déi mir äis fir dës Pilgerfaart ageschriwwen hunn. Mir sinn zwar iwwer de Programm informéiert, mee wat de Pèlerinage ënnerlech mat äis mécht, dat wësse mir net. Mir kënnen äis just op Begéinungen an d’Feieren aloossen. Mir kënnen dem Herrgott eist Häerz opmaachen an äis vu Maria Trouscht schenke loossen.
De franséische Veteran sot weider: « Quand on en repart, on sait ce qu’il a été ». Wa mir nees zu Lëtzebuerg ukomm sinn, wësse mir réischt, wat fir eng spirituell Friichte mir zu Lourdes geschenkt kritt hunn.
A senger Usprooch ass de Veteran op déi Blesséiert an déi Krank ze schwätze komm. Wann ee krank ass, da kënnt een sech an eiser Gesellschaft onnëtz vir. Et huet een heiansdo e Gefill, dat een no ënnen zitt. Dozou sot de Veteran dat hei: « Tomber, c’est facile, se relever ça peut être très dur et chacun d’entre nous, nous essayons d’offrir cette épaule qui permettra à celui qui est à terre de commencer à remonter. (…) La blessure n’est pas une fin en soi ! (…) Quelle que soit la blessure, il y a une lumière, il y a un avenir. (…) Il va se construire avec la foi. »
De Veteran gebraucht e schéint Bild fir auszedrécken, datt zu Lourdes een deem aner hëlleft fir neie Courage ze kréien. Mir halen deem aneren eis Schëller dohinner, un där hien sech ergräife ka fir opzestoen. Esou eng Schëller kann eist gemeinschaftlecht Gebiet sinn, et kann d’Mass an der Grott sinn, eng perséinlech Beicht oder eng Aussprooch… Et gëtt an all Laascht e Liicht an aus all Suerg een Auswee. « Il va se construire avec la foi ! »
Eist Vertrauen an den Herrgott ass de Fixspoun, mat deem mir d’Liicht vun der Hoffnung ufänken. Och am Leed gëtt een Ausbléck op eppes Neies, op eng Zukunft. Si baut sech lues a lues op mat der Kraaft vum Glaf.
Ech wënschen äis alleguer eppes vun dem Glawen an dem Courage vun dësem franséischen Zaldot: « Quelle que soit la blessure, il y a une lumière, il y a un avenir ! ».
+ Leo Wagener
Weibëschof a President vun der Lourdes-Wallfaart 2024
D’Wuert vun der Pilgerdirektioun
… Que l’on vienne ici en procession !
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Ee vun deene schéinste Momenter op enger Lourdeswallfaart ass ëmmer nees d’Liichterpressessioun, déi äis beim Sonnenënnergang virun d’Rousekranzbasilika an dacks uschléissend an d’Grott féiert. Am spéiden Owend, wann sech Honnerte vu Mënsche mat hire Käerzen iwwert d’Esplanade schlängelen, fir den Dag am Gebiet ofzeschléissen, geet muncher engem d’Häerz op. Dëst Stëmmungsbild seet äis, datt mir trotz aller Verschiddenheet zesummen eng grouss Weegemeinschaft bilden. D’Liichterpressessioun kënnt engem da vir, wéi ee Gläichnes vun eisem „Kierchsinn“. Nëmmen an enger Gemeinschaft gëtt eng lieweg Kierch sichtbar: Eng Kierch, déi net stoe bleift, net nostalgesch zréck an d’Vergaangenheet kuckt, mee eng Kierch vu Mënschen, déi sech beweege loossen, déi offe fir nei Erfarunge sinn, eng Kierch, an där’s du spiers „Och ech gehéieren derzou“; eng Kierch, déi trotz hirer Feelerhaftegkeet fest mam Jesus verbonne bleift, eng Plaz, wou déi Krank an déi Bedürfteg net aus eisem Bléck falen.
Mat der Liichterpressessioun um Owend an och mat der Pressessioun mam hellege Sakrament am Nomëtteg gëtt d’Joresthema vun dëser Lourdeswallfaart wouer: « …que l‘on vienne ici en procession! ». Et ass dëst ee weideren Opruff vu Maria un dat jonkt Bernadette vu Lourdes, ee Wuert dat sech haut un äis riicht. Och mir ginn opgefuerdert, fir äis anzereien an de Cortège vun deenen, déi bieden a sangen an hiert Vertrauen an den Herrgott duerch d’Muttergottes erneieren. Duerch d’Bild vun der Pressessioun, déi no vir geet, riichte mir zesummen de Bléck an d’Zukunft.
Net alles hänkt awer vun äis of, mä alles ass a senge gudden Hänn. Dozou ass mir een Zitat vum verstuerwenen tschechesche President Václav Havel an de Sënn komm, deen als groussen europäesche Politiker eng Kéier sot: „Wir stecken in der Krise, aber die Zukunft ist unvorhersehbar.” Ass dëse Saz net och wouer fir äis? Krise gëtt et dach e sëllechen: Wunnungskris, Klimakris, Finanz- a Wirtschaftskris, Kierchekris, Krisen an der Famill, an der Koppel, Krisen, déi d’Krankheet mat sech bréngt… Och zu Lëtzebuerg froen sech vill Mënsche wéi et virugeet. D’Zukunft ass dacks schwéier virauszegesinn. Awer eppes steet fest, nëmmen zesumme kënne mir kleng a grouss Krise meeschteren. Dat Schwéiert dréit sech besser op e puer Schëlleren. D’Bild vun der Pressessioun wëllt äis an deem Sënn Courage maachen, wann d’Leed äis ouni laang Virwarnung iwwerfält. Dëst Bild seet äis, datt et virugeet an datt mir iwwert dem Goen nei Perspektive geschenkt kréien. „Et ass net d’Iwwerzeegung, datt alles nees gutt gëtt, mee d’Gewëssheet, datt alles ee Sënn huet, egal wéi et ausgeet! seet de selwechte Václav Havel.
Ruffe mir duerfir an dësen Deeg d’Notre-Dame de Lourdes un. Huele mir hiert Bild an dësen Deeg déif an eist Häerz op a froe mir Maria ëm hir Hëllef, well Si geet mat äis duerch déck an dënn.
Iech all, eng besonnesch Pilgerfaart mat ville gudde Momenter. Mir sinn zu vill an doduerch staark am Gebiet.
Renée Schmit
Directrice des pèlerinages
Bëscheeflech Delegéiert fir Evangelisatioun an déi diözeesan Formatioun
D’Wuert vum Lourdespriedeger
Léif Pilgerinnen a Pilger,
Et ass mëttlerweil eng laang Traditioun, dass mir vu Lëtzebuerg aus op Lourdes pilgeren. Dëst Joer maache mir dat op den ausdréckleche Wonsch vu Maria, déi der klenger Bernadette den 2. Mäerz 1858 zu Lourdes hire Wonsch ausgedréckt huet « qu’on vienne ici en procession ». Dat ass d’Thema vun der Lourdeswallfaart 2024.
Fir dass mir u Pressessiounen zu Lourdes deelhuele kënnen, gëtt déi diözeesan Pilgerfaart organiséiert. Vill Benevoller, besonnesch vun de Foulards Blancs an Zesummenaarbecht mam diözesane Pilgerbüro, erméiglechen eis dat. Hinnen elo schonn e grousse Merci fir hiren Déngscht. Et ass och schéin, dass mir eis nees zesumme mat den Diözeese vu Metz a Verdun op de Wee maachen.
D’Wuert Pressessioun kënnt vum laténgesche « processio », wat bedeit „sech no vir beweegen“. De Larousse erwäänt interessanterweis och nach e Lien mat dem griicheschen « proodos » wou d’Wuert « Wee » och drastécht, wéi bei « synodos » wat jo gemeinsame Wee bedeit.
An enger Pressessioun gi mir esouwuel raimlech wéi och zäitlech zesumme virun. Raimlech wäerte mir dat zu Lourdes liturgesch an deem schéine Sanctuaire maache, wa mir Richtung Esplanade, Basilika oder Grott ginn.
Zäitlech maache mir dat vum 20. bis de 25. Juli 2024, matten an engem Joer, dat de Poopst François als e Joer vum Gebiet ausgeruff huet. Et ass e Virbereedungsjoer op d’Hellegt Joer 2025, deem eise Poopst d’Thema « Pilger der Hoffnung – Pèlerins de l’Espérance » ginn huet.
Mir sinn also mat eiser dësjäreger Lourdeswallfaart voll a ganz och mat der Weltkierch um Wee als Vollek Gottes, dat biet an als Pilger vun der Hoffnung.
La parole complète que Notre-Dame avait confiée à la petite Bernadette lors de sa 13e apparition me donne l’occasion de vous confier ma motivation personnelle de participer comme prédicateur à notre pèlerinage à Lourdes cette année-ci :
« Allez dire aux prêtres (thème de 2022)
que l’on construise ici une chapelle (thème de 2023)
et que l’on vienne en procession (thème de 2024) ».
Je me sens particulièrement interpellé par cette parole en tant que prêtre. Comme c’est l’année de mon jubilé d’argent sacerdotal, j’ai répondu oui sans hésiter à la demande de la directrice des pèlerinages de prendre en charge le service de la prédication, comme j’avais dit oui à Dieu et à l’archevêque de Luxembourg il y a 25 ans lors de mon ordination sacerdotale.
Je me sens également interpellé par le mot « chapelle ». Recteur de la Chapelle du Glacis depuis plus de 20 ans, je ne cache pas mon apprivoisement profond pour celle-ci. Joyau exquis tant du point de vue architectural qu’historique, elle est en train d’être rénovée pour être plus belle encore et prête pour le 400e jubilé marial auquel elle est liée indissolublement depuis les débuts de la vénération de la Consolatrice des affligés initiée par le père jésuite Jacques Brocquart. Celui-ci, en effet, est venu avec des élèves de l’ancien « Kolléisch » - précisément en procession - au Glacis le 8 décembre 1624 pour y construire une première chapelle, afin d’y abriter la statue de la Vierge qui se trouve aujourd’hui dans notre cathédrale.
Je me permets d’exprimer à votre adresse, chers pèlerins, un peu comme Marie à Bernadette, mon souhait que l’on vienne en procession au Glacis et à la cathédrale surtout pendant l’Octave jubilaire en 2025.
Que le souhait « de venir » exprimé par Marie, pour laquelle le Seigneur fit des merveilles, nous encourage à suivre Jésus, son divin Fils. Comme il l’a dit à ses premiers disciples, il ne cesse de le redire aujourd’hui à nous également : « Venez et vous verrez » (Jn 1,39).
Patrick Muller
Vicaire général
Président du Grand Séminaire de Luxembourg
Recteur de la Chapelle du Glacis