

E Kaddo fir de Poopst
Am Kader vun der apostolescher Rees op Lëtzebuerg, déi ënnert der Devise “Fir ze déngen” steet, iwwerreecht d’Äerzdiözees dem Hellege Vater de 26. September 2024 e Kado, fir him Merci ze soe fir seng Visitt an hie bei senge karitativen Aktiounen ze ënnerstëtzen. Dëse Kado, a Form vun engem Don, geet un d’Wierker vum Dicastère pour le Service de la Charité vum Hellege Stull, bekannt ënnert dem Numm Aumônerie Apostolique. D’Aumônerie Apostolique huet als Missioun, fir am Geescht vum Evangelium an am Numm vum Poopst, d’Baarmhäerzegkeet zu Gonschte vun deenen Aarmen, deene Schwaachen an deenen Ënnerdréckten uechter d’Welt ze liewen.
Wann Dir Iech un dësem Kado bedeelege wëllt, kënnt Dir en Don maachen un d’Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (mat der Mentioun: Don - Kado fir de Poopst), wa méiglech virum 15. September. Fir Online-Donen: www.irmine.lu
Kontakt: Fondation Sainte-Irmine, 4, rue Génistre, L-2014 Luxembourg, info@irmine.lu
Är Done kënne vun de Steieren ofgesat ginn an de gesetzleche Limitten
Highlights
-
Votum Solemne : « notre démarche dépasse le cadre du ‘faire’ pour engager notre cœur »
Renouvellement de la promesse d’aimer Marie et de rester fidèle à la foi catholique. Récit et photos.
-
Beten für den Papst
Mitteilung vom Erzbischöflichen Ordinariat - auf Wunsch von Kardinal Jean-Claude Hollerich
-
Se souvenir des plus démunis
À l’église de Bonnevoie, célébration en mémoire des sans-abris décédés dans l’année.
-
Josiane Mirkes: „Alte Menschen sind eine wesentliche Stütze unserer Gemeinschaft“
Anlässlich des Tages der Kranken befragte Cathol.lu die Diözesanbeauftragte für Gesundheitspastoral.