
Invitatioun fir den "Te Deum" an der Kathedral
De Kardinol Jean-Claude Hollerich invitéiert d’Populatioun fir um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden. De Gottesdéngscht, dee mat engem multireliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, méindes, den 23. Juni 2025, um 16.30 Auer.
Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. Eragoe kann een nëmmen duerch den Agank an der Rue Notre-Dame.
Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
D’Mass vum 19. Oktober gëtt vu Lelleg iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Zum Tod von Chanoine Mathias Schiltz
Die Trauermesse wird am Samstag, den 18. Oktober 2025, um 10.30 Uhr in der Kirche Saint-Joseph in Limpertsberg gefeiert.
-
Den 19. Oktober feiere mir de Weltmissiounssonndeg
Message vum Kardinol Jean-Claude Hollerich.
-
Deux jours de célébrations au Centre Jean XXIII
Conférence, prière œcuménique, messe et moments de convivialité pour fêter les dix ans de la LSRS et son Saint Patron.
-
Invitatioun: Diakonewei & Gebietsveillée
De Kardinol Jean-Claude Hollerich, invitéiert häerzlech all d’Gleeweg, fir un der Diakonewei vum Cedric Latz deelzehuelen.