Skip to main content Skip to page footer

Gott sieht alles

Kommentar zum 32. Sonndeg am Joreskrees vum Gérard Kieffer (10.11.2024)

Op engem Afferstack an enger Kierch, déi ech an der Vakanz eng Kéier besicht hunn, ass mir en Ziedel opgefall, deen een aus der Par warscheinlech dropgepecht huet, well mol Sue geklaut goufen. Do stoung drop: « Gott sieht alles. » An iergendeen huet drënner geschriwwen: « Aber er verrät mich nicht! ».

Fir d’éischt hunn ech geschmunzelt. E Gedanke weider hunn ech mir gesot, dat ass net falsch, Gott verréit mech tatsächlech net. Awer: hie gesäit. Hien gesäit méi déif wéi mir. Hien kuckt an d’Häerz.

Dat ass och dat, wat an dëser Geschicht, déi d’Evangelium erzielt, däitlech soll ginn. Gott bleift net bei deem stoen, wat mir no bausse weisen. Hien rechent net mat Zuelen oder mam Wäert vun de Mënzen. Hien zielt och keng Geldschäiner. Hien kuckt d’Häerz, d’Astellung an d’Haltung, déi sech beim Mënsch weist, deen e Geste - hei eng Opfergab - mécht.

De Geste vun der Wittfra invitéiert ze Deelen a gär ze hunn. D’Wittfra deelt mat deenen, déi am Tempel hiren Déngscht maachen. A villäicht nach méi: Si deelt mat deem, den hir d’Liewe geschenkt huet. Si gëtt en Deel zeréck, si behält net alles fir sech.

Wien deelt, gëtt en Deel vun engem méi grousse Ganzen. Wann ech en Deel vu menger Zäit verschenken un e Mënsch, deen ee fir Nozelauschtere brauch oder un een, deen an enger schwiereger Situatioun ass, da ginn ech en Deel vu sengem Liewen. Wann ech en Deel vu mengem Besëtz verschenken an domat e bessert, méi lieweswäert Liewen erméiglechen, da ginn ech en Deel vun dësem bessere Liewen.

Wann ech u jonk Leit denken, wéi zum Beispill Scouten, déi an Afrika fueren, fir an engem Projet ze hëllefen, Zäit a Suen investéiere fir matzehëllefen eng Schoul oder e Buer ze bauen an esou erliewen, dass hiren Engagement nohalteg e bessert Liewen op der Plaz erméiglecht, da ginn si en Deel vun dësem Projet vun engem bessere Liewen.

Si schenken, genau wéi d’Wittfra am Evangelium. Wann ee schenkt - dat seet de Jesus am Evangelium, da maacht et wéi d’Wittfra. Si huet beim Schenken net fir d’éischt u sech geduet, si huet net gerechent, ob dat sech fir si rechent oder ob si sech dat leeschte kann. Si wollt eppes ginn a si huet ginn, wat si hat, e Stéck vun sech.

Wittfraen waren an der Zäit vum Jesus besonnesch schwaach Membere vun der Gesellschaft. Nom Gesetz vun deemools duerft eng Fra kee Besëtz hunn an och keng Geschäfter maachen. Eng Fra konnt keng wesentlech Decisioune fir sech oder fir hir Kanner huelen. Dofir ass dat Geschenk, wat si gemaach huet, besonnesch bemierkenswäert. Si huet et voll Vertrauen a Léift gemaach an ouni, dass déi Leit ronderëm et bemierkt hätten.

Schenken am Sënn vum Jesus heescht, eppes ze ginn an tatsächlech a Gedanke bei deem ze sinn, deem ech eppes ginn, net bei mir. Ech hunn deen aneren am Bléck an ech ginn him e Stéck vu mir.

 

 

 

Bicher & Publikatiounen