Nicht nur sauber, sondern rein!
Kommentar zum 22. Sonntag im Jahreskreis von Gérard Kieffer (1.9.2024)
An enger Reklamm vu virun enger Rei Jore gëtt d’Hausfra (!) opgeruff, dass hir Wäsch net nëmme propper, mee reng sollt sinn. Dat war nach zu der Zäit, wou d’Wäsch fir ze dréchenen am Gaart opgehaang ginn ass a vun de Nopere kritesch bekuckt ginn ass.
Am Evangelium vun dësem Sonndeg geet et natierlech net ëm Wäsch mee dorëms, sech u Reegelen ze halen. Zumindest ass et dat, wat d’Pharisäer de Jesus froen.
De Jesus versicht an dëser Ausernanersetzung d’Saachen auserneenzehalen. Et gëtt am Text vun der « Iwwerliwwerung vun den Eelsten », « iwwerliwwerte Virschrëften » a vu « Virschrëfte vu Mënschen » geschwat. Dem Jesus sinn d’Ënnerscheeder wichteg: Wat si wierklech Geboter vu Gott a wat si méiglech Ausleeungshëllefe vun de Mënschen?
Hien weist zimmlech däitlech drop hin, dass sech déi, déi d’Thora ausleeën, vun der Thora ewechbeweegt hunn a Virschrëften entstan sinn, fir Virschrëften ze hunn, déi net méi vill mat der Thora ze dinn hunn. Schlussendlech fënnt sech de Gleewegen an enger Situatioun, wou hien de Bësch vu lauter Beem net méi gesäit. De Jesus fënnt däitlech Wieder: « Dir loosst dem Herrgott säi Gebot ausser Uecht an haalt iech un d’Traditioun vun de Mënschen. » (Mk 7,8)
Dës Gefor ass net nei. Et gëtt se an all Relioun. Riten a Bräich ginn da méi wichteg wéi liewege Glawen. Ritualer gehéieren zu enger Relioun. Si hëllefen, eisem Glawen e perséinlechen a gemeinschaftlechen Ausdrock ze ginn. Mir mussen net an all Generatioun an an all Situatioun eng perséinlech Relioun nei erfannen. Awer Ritualer sinn net dat Wesentlecht vum Glawen. Si sinn Handwierksgeschier, Hëllefsmëttel fir dat eigentlecht Uleies vun der Relioun liewen ze kënnen: d’Verbindung vum Häerz mat Gott. Si dierfe kengesfalls zu engem Selbstzweck ginn.
Bleift net bei esou Äusserlechkeete stoen, loosst iech net vum Schäi blennen, verléiert dat Wesentlecht net aus dem Bléck - dat seet de Jesus an dësem Evangelium. An e seet et net nëmmen op dëser Plaz. Ëmmer erëm weist Jesus op Situatiounen hin, wou Riten a Forme plëtzlech méi wichteg ginn, wéi d’Inhalter fir déi si stinn, wou Äusserlechkeeten fir de Mënsch méi wichteg gi sinn, wéi d’Uleies vu Gott. Dass dat eigentlecht Wichtegt, d’Uleies, den Inhalt net mat der äussere Form verwiesselt dierf ginn, dat war fir hie besonnesch wichteg.
Fir nach eng Kéier op d’Renglechkeet zeréckzekommen: Mäi Liewe muss net keimfräi sinn, et soll lieweg sinn - mat Freed fir mech a fir déi aner!